Mam Won a Baach gelantAlkoholiséierte Chauffer kritt Permis ofgeholl a kënnt an Arrest

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg krut d'Police am spéiden Nomëtteg en accidentéiert Gefier an der Ierpeldengerstrooss gemellt.
© RTL Archivbild

D’Gefier war tëscht Méchela an Ierpeldeng vun der Strooss ofkomm an an enger Baach gelant. De Bäifuerer war beim Erausklammen do och dragefall a koum spéider fir eng Kontroll an d’Spidol. Iwwerdeems ass den Alkoholtest beim Chauffer positiv verlaf an hie krut e Fuerverbuet. Dat huet dësem wuel net gefall, hie gouf der Police no nämlech ëmmer manner kooperativ an huet d’Beamten donieft och nach beleidegt. Um Enn koum hien no enger Kontroll bei engem Dokter zur Ausniichterung an den Arrest.

Back to Top
CIM LOGO