
An der Nuecht op en Dënschdeg ass enger Patrull e verdächtegt Gefier tëscht Wëntger an Houfelt opgefall. Kuerz virum Agank vun der Uertschaft ass de Chauffer an e Feldwee eragefuer, konnt awer kuerz drop vun der Police gestoppt ginn.
Wéi d’Police um Wee bei de Won war, huet de Chauffer kuerzerhand de Réckgang ageluecht a wollt sech ewechmaachen. Hien ass an de Policewon gerannt. U béide Gefierer ass e liichte Materialschued entstanen. En Alkoholtest war positiv an der Permis gouf agezunn.
Op en anere Chauffer war eng Patrull méi fréi e Méindeg den Owend nach zu Esch um Boulevard J F Kennedy opmierksam ginn. Hie war opfälleg lues mat sengem Won ënnerwee. Bei der Kontroll dunn hunn d’Beamten en Alkoholgeroch wouergeholl, en Test war positiv.