
An der Nuecht op e Samschdeg gouf eng Policepatrull op en Auto an de Rives de Clausen op en Auto opmierksam, deen op der Bréck Pont Margot Libens-Reiffers stoung an duerno probéiert huet, am Agang vun engem Parkhaus ze dréinen. Dobäi ass den Auto an d’Borne fir Parkschäiner gerannt. Bei der Kontroll vum Gefier gouf festgestallt, datt béid Persounen am Auto staark alkoholiséiert waren. Géint de Chauffer gouf e provisorescht Fuerverbuet ausgeschwat an den Auto gouf immobiliséiert.
E Freideg géint 15 Auer krut d’Police een Auto gemellt, deen am Zickzack a mat niddreger Vitess op der A7 ënnerwee war. D’Gefier huet dobäi e puer Mol d’Leitplanke gesträift. Op Héicht vun der Sortie Luerenzweiler huet d’Police de Chauffer gestoppt. Den Alkoholtest bei der Persoun hannert dem Steierrad war positiv an de Fürerschäi war fort.
Dann ass e Freideg den Owend ee Chauffer mat sengem Gefier a Schlaangelinnen duerch Nidderkäerjeng gefuer an ass bei enger rouder Luucht net stoe bliwwen. Zu Kënzeg konnt d’Gefier gestoppt ginn. Och hei war den Alkoholtest beim Chauffer positiv an e provisorescht Fuerverbuet gouf ausgestallt.
E Freideg am Nomëtteg gouf d’Police am Garer Quartier an der Stad Zeie vun engem Austausch vun Drogen. Béid Persoune konnte gestallt ginn. Beim Drogendealer goufen e puer Drogekugelen, Boergeld an en Handy séchergestallt. De Parquet gouf informéiert an huet eng Kontroll am Scanner vum Verdächtegen ordonéiert. Dës Kontroll ass positiv verlaf. De presuméierten Täter gouf festgeholl an ass e Samschdeg virun den Untersuchungsriichter komm.
An da goufen nach zwou weider Persounen am Garer Quartier festgeholl. Och si waren de Beamte verdächteg virkomm. Bei der Kontroll si beim presuméierten Drogendealer Droge fonnt ginn. Och hei huet de Parquet eng Festnam ordonéiert.