EschAlkoholiséierte Chauffer rennt a geparkten Autoen a fiert fort

RTL Lëtzebuerg
E puer weider Chaufferen hunn an der Nuecht op e Freideg missen hire Fürerschäi wéinst Alkohol ofginn, dat ënnert anerem zu Jonglënster an op der A6.
© RTL-Archiv

En Donneschdeg gouf der Police géint 17 Auer ee Chauffer gemellt, deen zu Esch an der Géigend vun der Place Benelux an zwee geparkten Autoe gerannt war a sech dunn duerch d’Bascht gemaach huet, ouni sech ëm de Schued ze këmmeren.

D’Beamten hunn de Won kuerz drop fonnt - e stoung um Trottoir geparkt a war och nach géint eng Haustrap gefuer. Vum Chauffer war allerdéngs fir d’éischt emol wäit a breet näischt ze gesinn. Wou d’Beamten hie kuerz Zäit drop ermëttelt hunn, gouf séier kloer, datt hien ze vill gedronk hat. En Alkoholtest war positiv, esou datt hie säi Fürerschäi huet mussen ofginn. Den Accident gouf zu Protokoll geholl.

E Freideg de Moie gouf da géint 6 Auer nach een alkoholiséierte Chauffer gepëtzt, dee mat sengem Auto zu Märel op der Héicht vun der Kräizung Rue des Aubepines/Route de Longwy stoung. De Chauffer huet hannert dem Steier geschlof, bis ee vun de Beamte mat engem Alkoholtest waakreg gemaach gouf. Dëse war positiv, esou datt och an dësem Fall de Permis fort war. De Chauffer hat ausserdeem weder eng gülteg Versécherung nach ee Fürerschäin derbäi, esou datt d’Beamten de Parquet informéiert hunn. De Won gouf immobiliséiert a géint de Chauffer gouf Plainte gemaach.

Och am Norde vum Land gouf der Police e Freideg de Moien een alkoholiséierte Chauffer gemellt. Kuerz Zäit drop gouf hien zu Wäiswampech ugehalen. Obwuel hien offensichtlech ze déif an d’Glas gekuckt hat, huet de Chauffer en Alkoholtest refuséiert. Am Laf vun der Kontroll huet sech dunn och erausgestallt, datt hien u sech ee Fuerverbuet hat De Mann gouf also op Uerder vum Parquet protokolléiert an den Auto gouf saiséiert.

Back to Top
CIM LOGO