Fürerschäin agezunnAlkoholiséierte Chauffer stéisst zwee Polizisten un

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwochnomëtteg ass et op der A13 tëscht Fréiseng an Altwis zu engem Tëschefall komm, bei deem zwee Poliziste blesséiert goufen.

Wéi d’Police matdeelt, haten déi zwee Beamten hei e mobille Radar installéiert. Kuerz drop huet en Auto sech virun de Radar geparkt.

Wéi d’Beamte bei den Auto gaange sinn, hu si festgestallt, dass de Chauffer, éischten Unzeechen no, staark alkoholiséiert war. Wéi si hien doropshin opgefuerdert hunn, hinnen d’Pabeiere vu sengem Auto ze weisen, huet hien d’Flucht ergraff. Dobäi krut hien déi zwee Beamte mat sengem Gefier ze paken.

Et gouf eng Enquête an d’Weeër geleet an de flüchtege Chauffer gouf kuerz drop zu Munneref fonnt a kontrolléiert. Den Alkoholtest war positiv an de Fürerschäi gouf agezunn.

Béid Poliziste goufe beim Tëschefall liicht blesséiert a si fir eng Kontroll an d’Spidol komm.

Back to Top
CIM LOGO