Nuecht am Arrest verbruechtAlkoholiséierte Mann beleidegt a blesséiert Polizist

RTL Lëtzebuerg
D'Police gouf vun e Mëttwoch op en Donneschdeg wéinst engem versichten Déifstall op Esch an enger Bedruchsmasch an de Garer Quartier geruff.
© RTL Archiv

Wéi aus dem Policebulletin ervirgeet, gouf eng Patrull an der Nuecht op en Donneschdeg op d’Gare zu Esch-Uelzecht geruff, nodeems zwee Männer en anere Mann menacéiert a probéiert hunn, him den Handy ze klauen. Op der Plaz hunn d’Beamten d’Männer ugetraff. Ee vun hinne war esou staark alkoholiséiert, datt hie sech net berouege gelooss an deen anere Mann ëmmer nees menacéiert a beleidegt huet.

Wéinst sengem Zoustand hunn d’Polizisten decidéiert, hie mat an den Arrest ze huelen. Dofir huet de Mann, deen ëmmer méi onkooperativ gouf, awer missen immobiliséiert ginn. Dobäi huet hien ee vun de Beamte liicht blesséiert. Och wärend de weideren Handlunge vun de Polizisten huet de Mann sech net berouege gelooss. Hie gouf dowéinst engersäits wéinst Rebellioun géint Beamte protokolléiert, anerersäits awer och wéinst der gemellter Kläpperei mam versichten Déifstall.

Handy mat Bedruchsmasch geklaut

E Mëttwoch am Nomëtteg waren d’Polizisten iwwerdeem wéinst engem Trickdéifstall bei e Supermarché am Garer Quartier geruff ginn. Hei huet d’Affer uginn, datt den Täter et gestouss an him dobäi den Handy geklaut huet. D’Police huet entspriechend Ermëttlunge lancéiert.

Back to Top
CIM LOGO