
Kuerz virun 19 Auer en Dënschdeg den Owend waren d’Beamte wéinst enger Fra an d’Rue Joseph Junck am Garer Quartier geruff ginn. Si hätt ze vill gedronk, géif Passante belästegen a ronderëm sech späizen. Och géigeniwwer de Polizisten huet d’Fra sech net ginn a sech onkooperativ verhalen. Well si déi ëffentlech Rou gestéiert huet, koum si no enger medezinescher Kontroll an den Arrest.
De Mann vun Ettelbréck war der Police gemellt ginn, well hien an der Rue Docteur Klein e Potto mat enger Partie Verkéiersschëlder erausgerappt soll hunn. Op der Plaz konnten d’Beamten den alkoholiséierte Mann untreffen, deen doropshi wéinst de beschiedegte Schëlder protokolléiert gouf. Kuerz drop war de Mann dunn nach eng Kéier op der Ettelbrécker Gare opfälleg a beleidegend ginn. Doropshin hunn d’Polizisten decidéiert, de Mann an de Passagearrest ze bréngen, fir datt hien do rëm kéint niichter ginn.