Nuecht am Passagearrest verbruechtAlkoholiséierte Mann huet Passanten aggresséiert an op Auto ageschloen

RTL Lëtzebuerg
Weider ass am Bulletin vun der Police ze liesen, datt ee wéinst diverse Fäll vu Kaméidi oder Streidereie geruff gouf.

Hir Nuecht am Passagearrest huet eng Persoun dierfte verbréngen, déi enger Patrull an der Rue du Commerce an der Stad opgefall ass. Déi staark alkoholiséiert Persoun huet nämlech e Freideg den Owend géint 22 Auer Passanten aggresséiert, gejaut a mat der Hand op en Auto, deen do stoung, ageschloen.

Ze haart awer asiichteg waren dann awer aner Leit, wéinst deenen d’Police geruff gouf. Am Bulletin ass ze liesen, datt et ronn eng Dose Fäll vum Stéiere vun der Nuetsrou gouf, ma all déi Persounen, déi vun de Beamten ugetraff goufen, haten hire Feeler agesinn.

20 Mol hunn d’Polizisten da wéinst Streidereien oder Kläppereie missten op den Terrain. An de meeschte Fäll war Alkohol am Spill. Dacks awer war, wéi d’Beamten op der Plaz ukommen, d’Situatioun eriwwer an et konnt kee méi ugetraff ginn oder, falls awer nach Persounen op der Plaz waren, konnten dës bei de Polizisten eng Plainte maachen.

Da mellt d’Police nach en Abroch an e Méifamilljenhaus um Belair an der Stad, dat tëscht 8 an 22 Auer e Freideg. D’Spueresécherung war op der Plaz an Ermëttlunge goufen opgeholl.

Back to Top
CIM LOGO