
Gemellt gouf eng Kläpperei a Leit, déi mat Fläsche geheien. Wéi d’Beamten op d’Plaz koumen, hu si zwee Männer fonnt, déi ronderëm gebläert hunn. Ee vun de Männer konnt berouegt ginn, deen aner huet weider randaléiert an ass op d’Strooss gelaf. Well en eng Gefor fir sech an anerer duergestallt huet, hunn d’Beamten de staark alkoholiséierte Mann an Arrest geholl. Well en awer nach ëmmer net ze berouege war, op de Policeauto gespaut an d’Poliziste mat Féiss gerannt huet, gouf en immobiliséiert. No Kontroll bei engem Dokter koum en an Arrest.