
D’Police gouf alertéiert, datt de Mann mat de Ween géif hantéieren, an eng Policepatrull konnt hien dann och kuerz drop an der Rue Dicks zu Esch fannen.
Eng Enquête huet erginn, datt de Mann wuel a ganzer sechs Stroossen - der Rue de Belval, dem Blvd Prince Henri, der Rue C.M. Spoo, der Rue du Brill, der Rue de l’Industrie an der Rue Dicks - ënnerwee war an do d’Säitespigele vun enge 40 Autoen an- oder ausgeklappt, bezéiungsweis ëmgedréint hat. Well hien offensichtlech ze déif an d’Glas gekuckt hat, koum hien an de Passagearrest. Wéi d’Police mellt gouf e Protokoll erstallt.
Eng weider Persoun, déi dem Alkohol ze vill zougesprach hat, ass en Dënschdeg den Owend géint 22 Auer vun der A4 erofgefuer an als Geeschterfuerer duerch de Rond-point Raemerich gefuer. Um Boulevard Charles de Gaules konnt d’Police de Mann schliisslech stoppen. No engem positiven Alkoholtest krut hie säi Fürerschäin ofgeholl an et gouf e Protokoll erstallt.