Der Police d'Liewen einfach gemaachAlkoholiséierte Mann klëmmt viru Beamten an Auto a wëll fortfueren

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg de Mëtteg waren enger Policepatrull zwee Männer opgefall, déi am Garer Quartier matenee gestridden hunn.

D’Beamte hu sech agemëscht an déi zwou Persoune vunenee getrennt. Béid goufen opgefuerdert, d’Plaz ze verloossen. Ee vun de Männer ass dunn a säin Auto geklommen. Well de Polizisten awer opgefall war, datt de Mann schonn Alkohol gedronk hat, hu si hien um Fortfuere gehënnert an en Alkoholtest gemaach. Nodeem dëse positiv war, gouf och en Drogentest gemaach, deen och ugeschloen huet.

Wéi d’Beamten dem Mann dunn de Permis ofhuele wollten, ass opgefall, datt dat schonn aner Kolleege vun hinne gemaach haten. Dowéinst hu si och de Parquet informéiert, deen de Mann festhuele gelooss huet. Schonn e Freideg de Moien hat hie Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.

Da mellt d’Police nach Abréch aus der Nuecht op e Freideg. Dat eng Kéier an der Rue des Rochers zu Wolz. Hei war et den Täter awer net gelongen, fir an d’Haus anzedréngen. Um Tëtelbierg zu Lamadelaine, waren d’Täter awer an d’Haus komm an hunn en Zëmmer duerchwullt. D’Police geet dovunner aus, datt si awer dono geflücht sinn, wéi d’Bewunner heemkoumen. A béide Fäll goufen Ermëttlungen ageleet.

Back to Top
CIM LOGO