Fra op der Fouer ugebläert Alkoholiséierte Mann verbréngt Nuecht am Arrest

RTL Lëtzebuerg
Um fréien Donneschdegmoien ass enger Patrull vun der Police en alkoholiséierte Mann opgefall, deen op der Schueberfouer eng Fra ugebläert huet.
© RTL Archiv

Dëse wollt sech net berouegen an ass och géigeniwwer de Beamten ëmmer méi aggressiv ginn. Well hien opgrond vu sengem Zoustand eng Gefor fir sech selwer an déi aner duergestallt huet, koum hien no enger medezinescher Kontroll an den Arrest.

Back to Top
CIM LOGO