
Wéi d’Policebeamte kontrolléiere wollten, ob de Chauffer net blesséiert gouf, ass hinnen opgefall, dass et nawell staark no Alkohol géif richen. Verwonnt war den Automobilist net, ma well den Alkoholtest positiv ausgefall ass, war en de Fürerschäi lass.
E Méindeg den Owend gouf et an Accident zu Kiemen, wou en Automobilist mat sengem Gefier an eng Gaardemauer gerannt ass. De Chauffer huet sech ze Fouss duerch d’Bascht gemaach an huet seng Plackennummere vum Auto matgeholl an an engem Feld ewechgeheit. Bei senger Flucht ass de Mann en Hiwwel erofgefall a gouf verwonnt. D’Polizisten haten de Mann séier gestallt an e koum fir eng Behandlung an d’Klinick.
Bei der Kontroll gouf festgestallt, dass de Chauffer schonn e Fuerverbuet hat. Den Alkoholtest war dann och nach positiv, a sou war déi logesch Konsequenz, dass de Fürerschäin agezu gouf.