
A manner wéi 10 Prozent vun deene jonke Patienten hunn Accès op innovativ Traitementer. Déi meescht Behandlunge fir déi Kleng sinn nämlech einfach vun Traitementer fir Erwuessener ofgeleet. Kriibs bei Kanner gëtt och nach ëmmer als eng “seele Krankheet” agestuuft an dofir gi just ganz wéineg speziell Medikamenter fir d’Kanner entwéckelt.
Dobäi gëtt de Kriibs bei Erwuessenen och ganz dacks mat Ëmweltfacteuren a Liewensstil a Verbindung bruecht. Bei Kanner ass de Kriibs awer dacks genetesch oder embryonal bedéngt a betrëfft Zellen, déi nach an der Entwécklung sinn. Dofir wier et wichteg, weiderhin an d’Recherche z’investéieren. All Joer stierwe bal 6.000 Kanner an Europa un de Suitte vum Kriibs.