Viru 60 Joer gedeeftD'MS Princesse Marie-Astrid feiert dësen Donneschdeg ronne Gebuertsdag

Christian Schmit
Um 28. Mee 1966 gouf dat éischt Ausfluchsschëff vun der deemools 12 Joer aler Prinzessin Marie-Astrid zu Gréiwemaacher gedeeft.
© Christian Schmit

Happy Birthday, MS Princesse Marie-Astrid. Dat beléifte Schëff op der Musel feiert en Donneschdeg ronne Gebuertsdag.

Um 28. Mee 1966, also viru genee 60 Joer, gouf dat éischt Ausfluchsschëff vun der deemools 12 Joer aler Prinzessin Marie-Astrid zu Gréiwemaacher gedeeft. De Christian Schmit kuckt zeréck a no vir mam ablackleche President vun der Entente Touristique de la Moselle Luxembourgeoise, dem Steve Reckel.

60 Joer MS Princesse Marie-Astrid - E Reportage vum Christian Schmit

D'Schëff Marie-Astrid huet eng laang Geschicht, a virun allem ass si e grousse Bestanddeel vun der Musel — an dat soll och esou bleiwen.

Scho fréi gouf driwwer nogeduecht, Faarten op der Musel unzebidden. Hotelieren aus der Stad hate sech esouguer dofir engagéiert, esou ass an der Chronik ze liesen. D'Kanalisatioun huet den eigentleche Wee du fräigemaach, an dat och fir Passagéierschëffer. Goufen am Ufank Schëffer ausgeléint, esou war awer séier kloer, datt en eegent Schëff unzeschafen, déi besser Léisung wär. An eben um Dag haut viru 60 Joer war dunn d'Daf vun der éischter MS Princesse Marie-Astrid mat Plaz fir 350 Leit.

Des Hauts et des Bas hat ee sécherlech, mee d’Success story ass net vun der Hand ze weisen.

Steve Reckel: "Ech mengen, wann eng MS Princesse Marie-Astrid ka 60 Joer feieren, da waren déi schonn erfollegräich. Leit, déi virdrun do waren, wann een haut mat deene schwätzt, déi hunn dat Schëff am Häerz an et ass fir si e ganz wichtege Bestandeel vun hirem Liewe gewiescht."

D'Evolutioun ass remarkabel a mat all neiem Schëff wat ageweit gouf, huet de Confort fir d'Passagéier zougeluecht.

Steve Reckel
Steve Reckel
© Christian Schmit

Steve Reckel: "Et gesäit een et jo elo am beschte wann een d'Europa-Schëff op Schengen kucke geet. Et war dat éischt Schëff, an ech mengen, wann een do d'Gréisste vergläicht, et kann een et guer net matenee vergläichen. Vun der Kichen hier a wéi vill Gäscht kënnen op dat Schëff kommen. Et ass eppes ganz aneschters wéi di 1. an 2. Generatioun."

Houfreg ass de President Steve Reckel awer net nëmmen op d'Schëff selwer, mee och d'Ekipp, déi et exploitéiert.

Steve Reckel: "Wann ech gesi wéi agespillt déi Ekipp do ass vu 24 Leit. Dat si Leit, déi hir Aarbecht wierklech gären hunn, et muss ee wëssen, dass dat saisonal Aarbecht ass. 3 Méint am Wanter schaffen déi Leit net, dofir awer de ganze Summer an déi aner Rescht Méint vum Joer. An déi maachen dat mat enger Leidenschaft, dat ass einfach fantastesch."

Et gëtt iwwer d'Musel, mee och iwwer d'Saar navigéiert a vill auslännesch Gäscht kënnen u Bord begréisst ginn.

Steve Reckel: "Mir hu ganz vill Touristen, déi aus Däitschland kommen, mir hunn awer och vill Touristen, déi aus der Belsch bei eis komme mat Bussen op Gréiwemaacher. An ech mengen, dass do eng Vilfalt vum Programm ganz wichteg ass."

A wéi vill Leit hunn net schonn hir Familljen- a Business-Evenementer drop gefeiert.

A propos 60 Joer MS Princesse Marie-Astrid: gëtt dat och gefeiert?

Steve Reckel: "60 Joer ass jo u sech esou en Datum, deen een net esou richteg feiert, an dunn hu mir eis gesot, komm mir maachen eppes wat net esou alldeeglech ass. Mir hunn de Johann Lafer gefrot, ob e fir eis e Gala Dinner kéint maache kommen. Dat hu mir dann och den 28. November um Schëff, wou 200 Leit kënnen iesse kommen, a wou mir dann och am klenge Krees di 60 Joer feieren."

Bei all Daf vum Schëff, déi jo den Numm vun eiser Princesse Marie-Astrid dierf droen, war si perséinlech dobäi. Vläicht dann och elo déi Kéier fir de 60. Anniversaire am November. Mol ofwaarden…

Back to Top
CIM LOGO