Drénken ass natierlech dat ganzt Joer iwwer wichteg, mä wann et waarm ass dierf respektiv muss et dat eent oder anert Glas méi sinn. Am anere Fall riskéiert een, datt de Kierper ausdréchent. Et schwätzt een da vun Dehydratioun.
Dat ass ee vun den zwee Haaptrisiken wann et waarm ass. Bei enger Dehydratioun brauch de Kierper méi Waasser wéi en es ophëlt. Eppes wat Konsequenzen op d'Bluttzirkulatioun an de Bluttdrock huet, wéi de Gaël Claquin explizéiert. Hien ass Dokter bei der Inspection sanitaire:
"Et kann engem dronkeg oder schlecht ginn, de Bluttdrock ka falen an et kann ee souguer midd sinn. Kappwéi ass och zimmlech geleefeg Wann een de Kapp wéi huet, muss ee bei Hëtzt direkt drun denken ze drénken. Et stellt een dacks fest, datt dat ganz gutt hëlleft. Dat ass dann also en Zeechen, datt een net genuch gedronk hat."
Deen zweete grousse Risiko bei héijen Temperaturen ass eng Hypothermie, dat ass wann de Kierper d'Temperatur net méi selwer gereegelt kritt an am schlëmmste Fall mécht een en Hëtzschlag. Dat ass besonnesch geféierlech bei grousser Hëtzt, Sonn a kierperlecher Ustrengung. Et gëllt virun allem op méi fragil Persounen oppassen.
"Virun allem op d'Kanner, déi vill méi empfindlech sinn an och op eeler Leit, bei deenen de Kierper zwar heiansdo iwwerhëtzt ass, mä d'Kierpertemperatur net an d'Luucht geet. Dat heescht, mir musse virun allem op déi zwou Gruppe Leit oppassen, well se e bësse méi vulnerabel sinn."
Wann ee genuch Waasser drénkt, dat heescht op d'mannst annerhallwe bis zwee Liter, gären och méi, mécht ee scho Villes richteg. Et ginn awer nach puer Reegelen, un déi ee sech hale soll. Zum Beispill gëtt wärend deene Stonnen, wou et besonnesch waarm ass, ofgeroden, Sport dobaussen ze maachen.
"Et muss een d'Sportler wierklech drun erënneren a wann een d'Länner am Süde kuckt, do fueren d'Leit Moies um 5 Auer mam Vëlo. Do ass um 9 Auer jiddereen doheem. Mir mussen eis Gewunnechte bëssen änneren."
Dann och doheem kënnen ze bleiwen, ass e Luxus, deen net fir jidderee gëllt. Schliisslech muss ee schaffe goen an och do muss een op déi Leit oppassen, déi net an engem klimatiséierte Büro, mä dobaussen an der Hëtzt schaffen.
Fir de Rescht gëllen déi üblech Rotschléi, et soll een Nuets lëften a Moies wann et ufänkt, waarm ze ginn d'Fënsteren zou an d'Rolllueden erofmaachen. Wann et waarm ass, schmaacht liicht iessen meeschtens am Beschten an och do dierf et gären Uebst a Geméis mat vill Waasser sinn, wéi zum Beispill Waassermelounen oder Zalotekornischongen. Do kann ee sech zum Beispill bei de Länner aus dem Süden dat eent oder anert ofkucken.
Et ginn awer och Saachen, mat deenen ee bei dësem Wieder méi lues maache soll. Dozou gehéiert virun allem Alkohol, mä och Koffein ass net immens gutt.