
E Méindeg huet mat Ierpeldeng-Sauer déi lescht vun de fënnef Nordstadgemenge mat knapper Majoritéit eng Déliberation concordante ugeholl, an där ee sech fir eng Fusioun ausschwätzt. Dat haten d’Kolleege vum Lëtzebuerger Wort gemellt.
Mat Bettenduerf a Schieren hunn awer zwee Gemengeréit zousätzlech Fuerderunge gestallt. Virun allem ee Punkt, dee Bettenduerf verlaangt, kéint d’Fusioun nees a Gefor bréngen. En Donneschdeg den Owend souzen déi fënnef Schäfferéit beieneen, fir doriwwer ze schwätzen.
Et wier eng laang a konstruktiv Reunioun gewiescht, esou de Buergermeeschter vun Ierpeldeng-Sauer a Spriecher vun der Nordstad Claude Gleis. Et hätt een elo eng kloer Timeline, 2027 soll ee Referendum ofgehale ginn a wann dee positiv ausfält, soll d’Fusioun 2029 Realitéit ginn. Dofir misst ee vun elo un awer Vollgas ginn.
“Mir wäerten eis lo méi oft gesinn a mir kucken, datt mer lo zäitno, ech soe lo net an engem Mount oder an zwou Wochen, wäerte mir lo ee Konstrukt opsetzen, wéi mir lo mat Aarbechtsgruppen, wéi mer mat de Bierger, wéi mer mat de Gemengeréit, wéi mer lo do weiderginn. Dat kucke mer lo an deenen nächste Wochen, mir wëllen dat lo wierklech séier ugoen.”
Ee Problem dierft awer d’Fuerderung vu Bettenduerf sinn, datt ee wéi Dikrech, Ettelbréck an Ierpeldeng-Sauer, de Statut vum Centre de développement et d’attraction, kuerz CDA, an domadder eng zousätzlech finanziell Ënnerstëtzung vu 25 Prozent pro Awunner zougestane kritt. Et géing een nämlech genee wéi déi aner dräi Gemengen iwwerregional Aufgaben iwwerhuelen. Als Beispiller ginn d’Akerbauschoul zu Gilsdref an den Ofwaassersyndikat Siden op der Bleesbréck genannt. Ouni de Statut vum CDA géing een 2026 keng “Intention de fusionner” stëmmen, erkläert de Claude Gleis:
“Bettenduerf huet eben déi Vue, datt si wëllen op selwechter Aenhéicht si wéi déi aner Gemengen. Dat ass och legitim a mir gi lo eng Kéier mat där dote Fuerderung an de Ministère an da kucke mer, wéi dat dote weidergeet.”
Dat Gespréich kéint awer zimmlech kuerz ausfalen. Op d’Fro, ob et eng Optioun ass, Bettenduerf bis 2026 de Statut vun engem CDA zouzegestoen, ass et vum Inneministère d’Äntwert, de Programme directeur d’aménagement du territoire 2023 géing Bettenduerf net als CDA ernimmen an et géinge keng entspriechend Iwwerleeunge gefouert. Sollt et beim “Nee” bleiwen a Bettenduerf sech dowéinst géint eng Fusioun entscheeden, géing een domadder och op déi zousätzlech 25 Prozent pro Awunner verzichten, déi eng Nordstadgemeng vun 2029 u krit. Ob an deem Fall Dikrech, Ettelbréck, Ierpeldeng-Sauer a Schieren zu véier weidermaachen, dozou wollt de Claude Gleis näischt soen.