Zwee Deeg laang war den ieweschte Militär vun der NATO, de Robert Bauer zu Besuch zu Lëtzebuerg an huet do ënnert anerem och d’Lëtzebuerger Verdeedegungsministesch Yuriko Backes getraff. Den hollänneschen Admirol ass de Beroder vum Generalsekretär Jens Stoltenberg an all de politesche Decideuren an de well 32 Memberstaate vun der transatlantescher Allianz.
D’Ofschreckung duerch d’NATO fir déi alliéiert Natiounen huet dem Admirol Bauer no fonctionéiert: “Dass de Putin d’NATO attackéiert, ass onwarscheinlech. Mir hu keng Indikatiounen dofir. Mä de Fait, datt hien elo an der Ukrain ass, datt hien a Georgien ass, datt hie probéiert sech a Moldawien anzemëschen... Mir musse sécherstellen, datt hie versteet, datt wann hien eis attackéiert, hien de méi grousse Problem huet.”

Bei der 2%-Diskussioun, déi d’NATO-Länner par Rapport vun hirem PIB sollen als Militärausgaben ustriewen, geet et net ëm kleng oder grouss sinn: “Domat huet et näischt ze dinn. Et huet mat ärer Wirtschaft ze dinn, der Gréisst vun ärer Wirtschaft. An eigentlech ass Lëtzebuerg eng räich Natioun. 2% zu Lëtzebuerg sinn zimmlech vill Suen. Elo si mer eis eens ginn, datt Lëtzebuerg 2% vum RNB soll ustriewen, well en Deel vun de Suen, déi Lëtzebuerg verdéngt, gëtt vu Leit gemaach, déi net Lëtzebuerger sinn. Also an der neier Method sollen et 2% sinn. Dat ass den Accord, deem Lëtzebuerg als Natioun um Vilnius-Sommet zougestëmmt huet. Et ass e Minimum vun 2%.”
Bei dësen 2%, déi all Land soll leeschten, sinn et keng Suen, déi ee fir en aneren ausgëtt, ma et wiere Sue fir “déi eege Sécherheet, fir déi eege Verdeedegung”. Hei gëtt de Robert Bauer am Interview d’Beispill vun Holland: “Wéi ech Chef vun der Verdeedegung war an ech am Summer 2021 fortgaange sinn, war de Budget an Holland 10,5 Milliarden Euro. Et sinn elo 20 Milliarden an dräi Joer. Also ass et méiglech. Et ass eng Fro vun der Prioriséierung an dat ass eng politesch Decisioun. An nom Motto vu Lëtzebuerg: Let’s make it happen”
Et ass néideg, fir a Fridden ze liewen an de wirtschaftleche Wuelstand ze hunn, dee mir grad hunn an och ze halen. Lëtzebuerg wier Deel vun der Sécherheet, déi als NATO ka méiglech gemaach ginn. Leit musse verstoen, sou de Robert Bauer am Gespréich mat RTL, datt et net ginn ass, datt mir a Fridde liewen. De Krich an der Ukrain, d’Instabilitéit a Syrien an am Mëttleren Osten an d’Situatioun deels an Afrika géifen dat kloer weisen.
Genee dofir wier et wichteg, a Sécherheet z’investéieren. Soss géif et keng wirtschaftlech Aktivitéit a kee Wuelstand ginn.