GriewerseenungenAllerhellegen an Allerséilen zu Beetebuerg an Diddeleng

Christophe Hochard
Zwee Deeg am Kalennerjoer, wou un déi Verstuerwe geduecht gëtt. Op ville Plazen am Land goufen d'Griewer geseent.
Allerhellegen an Allerséilen zu Beetebuerg an Diddeleng
Zwee Deeg am Kalennerjoer, wou un déi Verstuerwe geduecht gëtt. Op ville Plazen am Land goufen d’Griewer geseent.

Wichteg ass et dëse Leit, déi en Deel vun eisem Liewe matgaange sinn, Merci ze soen. Fir den Edmond Ries, Paschtouer zu Beetebuerg an Diddeleng ass et awer och wichteg, op dësen zwee Deeg Tempo aus dem Alldag ze huelen, fir sech dem Sënn vum Liewe bewosst ze ginn.

Um 1.November ware bei herrlechem Hierschtwieder ganz vill Leit souwuel zu Beetebuerg ewéi zu Diddeleng op der Kierfechter. Fir dës Deeg sinn d’Griewer ewéi geleckt. Arrangementer sti lenks a riets als Dekoratioun.
Ganz vill Leit kommen awer net nëmmen op Allerhellege bei d’Griewer. Si erënnere sech d’ganzt Joer un déi verstuerwe Familljememberen.

Back to Top
CIM LOGO