
Eng 4.900 Persounen, also en Drëttel, liewen a Fleege- an Altersheemer an hunn an der Moyenne 85 Joer. Bei Leit, déi nach doheem liewen ass d’Altersmoyenne 65 Joer.
85% vun den iwwer 300 gefrote Leit soten, datt se allgemeng zefridde mat de Prestatioune vun der Fleegeversécherung wieren.
Bei de Grënn, firwat een an e CIPA oder Fleegeheem wiesselt, dominéiert de medezinesche Facteur - d’Hallschent vun de Leit soen awer och, datt se hirer Famill net méi wollten zur Lascht falen oder datt dëst de Wonsch vun de Kanner gewiescht wier.
77% vun de gefroten eelere Leit soten, datt se d’Decisioun, fir vun Doheem erauszeplënneren, zum richtegen Abléck geholl hätten.
86% vun de gefrote Leit soten dann och, datt se zefridden an hirer Struktur wieren, 9% soten, datt se sech schlecht fillen.
Als negativ Aspekter nom Wiessel an eng Altersstruktur ziele bei de gefrote Leit d’Verloosse vum Doheem, de psychologeschen Aspekt, wann ee sech traureg, eleng oder isoléiert spiert an Aussoen, datt ee léiwer nach wéilt selwer kachen an akafen oder datt ee sech net gutt un d’Organisatioun an d’Horairen upasse kann.
Reflexiounen, déi op Basis vun dëser Enquête iwwer d’Qualitéit vun der Fleegeversécherung kënne gefouert ginn, sinn d’Prise en Charge vun der Gestioun vu Medikamenter, déi an den Altersstrukturen administréiert ginn an d’Wichtegkeet, d’Referenzpersoune vum Pensionnaire ze valoriséieren.