
Wann d’Chrëschtmäert uechtert d’Land nees een nom aneren opmaachen, ginn d’Erënnerunge vun der Famill Hamza opgewullt.
Et war de 24. November 2019, wéi um Knuedler e klenge Jong vu bal 3 Joer vun enger Äis-Skulptur erschloe gouf. Ronderëm dësen traurege Joresdag versicht d’Famill op d’Schicksal vun hirem Fils Emran opmierksam ze maachen. Bis haut hätt ee keng Äntwerte kritt, esou de Papp Ragbet Hamza. Och dëst Joer huet de Papp sech un RTL geriicht.
“Et ass geschitt, dat wollt och keen, mir wëssen dat. Soubal den Datum vum Accident méi no kënnt, ass meng ganz Famill op der Kopp, et gëtt alles nees opgerullt. Mir wëllen einfach duerch e Prozess wëssen, wie wat falsch gemaach huet. Ech kann net domat liewen, dass eventuell ech eppes falsch gemaach hunn, oder mäi Fils. Mir wëllen déi Äntwerten, fir ze probéieren, ofzeschléissen.”
Méigleche Prozess nächst Joer?
Op Nofro confirméiert de Parquet, dass et nom leschte Communiqué vun Oktober 2023 zu engem neie Moment koum. 10 vun den 11 Beschëllegte sollte virun eng Chambre correctionnelle kommen.
Kuerz éier d’Chambre du conseil eng Ordonnance konnt huelen, hätt den Affekot vun engem vun de Beschëllegten am Mäerz 2024 zousätzlech “mesures d’instruction” gefrot, wouropshin d’Chambre du conseil decidéiert hätt, den Dossier nees u Parquet respektiv Untersuchungsriichter zeréckzeginn, fir esou op d’Demande vum Affekot ze äntweren.
An enger motivéierter Decisioun hätt den Untersuchungsriichter déi gefroten Devoire refuséiert, déi concernéiert Partei wier an Appell gaangen. Elo wier et un der Chambre du Conseil vun der Cour d’appel, fir ze decidéieren, ob de Refus confirméiert gëtt, oder ob déi gefroten Devoiren nach musse gekuckt ginn. Eng Decisioun gëtt am Januar erwaart. Bis dohi wier net ofzegesinn, ob a wéini et zu engem Prozess kënnt, esou de Parquet.
Den zoustännegen Untersuchungsriichter wollt schonn den Dossier am Juli 2022 ofschléissen, dat hat RTL an engem Artikel am Summer 2023 geschriwwen.
Kee Versteesdemech fir laang Prozeduren
Et kéint een net novollzéien, wisou d’Justiz esou laang brauch, seet de Ragbet Hamza.
“Als Famill hu mir d’Gefill, et interesséiert kee méi.” An anere Länner géif ee gesinn, dass et och méi séier zu engem Prozess kéint kommen. Hei wier déi lescht 5 Joer vill blockéiert ginn, esou de Familljepapp.
Um Enn vum Gespréich sot de Ragbet Hamza nach, dass seng Famill vun Ufank un zimmlech eleng gelooss gouf. Am Ufank hätt een all d’Demarche missen eleng maachen. D’Famill hätt kaum nach Energie a wënscht sech, dass et geschwënn zu engem Prozess kënnt.