
Dat confirméiert de Landwirtschaftsministère en Donneschdeg de Moien an engem Schreiwes.
Wann een déi epidemiologesch Situatioun an der Belsch an an Däitschland observéiert, misst een och fir Lëtzebuerg vun enger Infektiounswell ausgoen. Dat waarmt Wieder géif d’Verbreede vun den Insekten, déi d’Krankheet iwwerdroen, och verstäerken. Eng Impf-Campagne wier deemno den Ament a Preparatioun.
D’ALVA, also d’Veterinärs- an Alimentaire-Administratioun soll nach dës Woch e Vaccin geliwwert kréien, dee schonn zanter e puer Woche bestallt ass. D’Veterinäre kréie Bescheed gesot, soubal en disponibel ass. D’Impfung fir d’Béischten ass fräiwëlleg, gëtt awer recommandéiert.
De Staat iwwerhëlt d’Käschte vum Vaccin selwer. D’Fraise vun der Vaccinatioun mussen awer vum Déiere-Besëtzer gedroe ginn.
D’ALVA erënnert och drun, dass all méigleche Fall vun der Blo-Zonge-Kränkt bei engem Veterinär muss gemellt ginn. De Virus ass iwwerdeem net op de Mënsch iwwerdrobar, och net wann ee Fleesch ësst oder Mëllech drénkt vun engem infizéierte Béischt.