
D'Haapterkenntnisser op der éischter Reunioun waren: Et riskéiert eng Rezessioun dëst Joer ze ginn an dräi Indextranche bis September d'nächst Joer. Dat wann d'Miersstrooss vun Hormuz nach gutt dräi Méint laang zou bleift. Och wann ee sech duerchaus méi däischter Zenarie ka virstellen, ass dat den aktuelle 'Worst-case'-Zenario.
De Statec an den Energiekommissär hunn awer nach méi Donnéeën wéi dat geliwwert an de Premier Luc Frieden sot no der Reunioun, elo soll ee Mol déi Zuele verdauen, fir den 2. Juni iwwert Léisungen am Kader vun der Energiekris ze schwätzen. Hei e klenge Point.
Geziilt Hëllef an Index-Kompenséierung?
Déi aktuell Kris betrëfft haaptsächlech Diesel a Kerosin. Aktuell besteet keng Penurie, mee wann d'Kris méi laang dauert, ass dee Risk reell, esou den Energiekommissär. Beim Diesel op der Pompel kann ee sech op Präisser iwwer 2 Euro de Liter astellen. Och wa Gas a Stroum manner betraff sinn, dréckt d'Kris am mëttleren Osten d'Inflatioun generell erop. D'Patronat insistéiert, datt ee misst d'Präisdeierecht bremsen, fir d'Zuel un Indextranchen ze limitéieren.
De Premier sot awer kloer, d'Zil wier et net, d'Inflatioun ze bremsen: "Nee, den Objet vun der Tripartite ass ze kucken, wat sinn d'Konsequenzen op d'Leit an op d'Betriber." Zu Lëtzebuerg si Pëtrolsproduite scho méi bëlleg, ewéi an de Nopeschlänner. Méi Verbrauch a méi Tanktourismus géingen de Risk vu Penurie just nach amplifiéieren.
Et leeft also dorobber eraus: Op den nächste Reunioune vun der Tripartite wäert iwwert finanziell Entlaaschtunge geschwat ginn, fir Leit, déi op déi Energien ugewise sinn.
Fir de Schock vun 2-3 Indextranchen fir d'Betriber ofzefiederen, bleiwen der Regierung net vill aner Optiounen iwwereg, ewéi déi eng oder aner Tranche ze kompenséieren. Jo, de Luc Frieden sot, den Index ass a Stee gemeesselt. Eng Index-Kompensatioun, also wann de Staat -de Steierzueler- selwer d'Indextranche fir eng Zäit bezilt, huet de Premier awer net formell ausgeschloss.
"D'Leit brauchen och méi Kafkraaft"
Iwwerraschend war, datt et en Dënschdeg kaum Informatiounen iwwert d'Entwécklung vun der Kafkraaft gouf. Ausser déi lescht Grafik an der Presentatioun vum Statec. Do gesäit een, datt de "Revenu disponible réel par personne" zanter 2022 geklomm ass, mee dëst Joer wäert erofgoen. D'Gewerkschaftsunioun wäert och de Mindestloun op der Tripartite als Sujet imposéieren.
Och iwwert d'Staatsfinanze gouf kee neie Point gemaach, woubäi gewosst ass, datt déi sech verschlechtert hunn. Déi geplangte Steierreform, déi 900 Milliounen Euro d'Joer géing kaschten, gëtt trotzdeem net a Fro gestallt. Och net nodeems den internationale Wärungsfong - graff resuméiert – manner "d'Strenz" recommandéiert huet. De Finanzminister Gilles Roth sot en Dënschdeg: "Käschte sinn Entlaaschtunge fir d'Leit an dat muss een och an dësen Zäiten am A hunn. D'Leit brauchen och méi Kafkraft”. Ondifferenzéiert fuerdert och d'Staatsbeamtegewerkschaft CGFP "Entlaaschtunge fir d'Leit".
Wann d'Automatisme bestoe bleiwen, ginn déi héisch Gehälter an absolutten Zuelen am meeschten weider an d'Luucht. Déi niddreg klammen a Prozenter ausgedréckt deels méi, ma kënne sech dach nach kaum eng Wunneng hei am Land leeschten.