Op eise StroossenAm Ganze 5 Blesséierter bei Accidenter

RTL Lëtzebuerg
Géint 17.30 Auer en Dënschdeg den Owend war zu Holztem an der Haaptstrooss en Auto an e Luuchtepotto gerannt.

Zwou Persoune goufe blesséiert. Nieft de Pompjeeë vun Housen waren d’Ambulanze vun Housen a Clierf op der Plaz.

E weideren Accident gouf et da kuerz no 0.30 Auer an der Nuecht op e Mëttwoch. Dat wéi um CR159 tëscht Peppeng a Léiweng en Auto an de Gruef gaangen ass. Hei blouf et beim Materialschued. Op der Plaz waren d’Ambulanz vu Beetebuerg an d’Pompjeeë vum Réiserbann.

Zwee weider Accidenter gouf et dann am Laf vum Mëttwochmoien.

Géint 7.45 Auer war en Auto um CR348 tëscht Bierden a Buerschent accidentéiert, eng Persoun gouf blesséiert. D’Ambulanz aus der Nordstad an d’Pompjeeë vun Angelduerf waren op der Plaz.

Um 10.47 Auer goufen zwou Persoune blesséiert, wéi op der N1 tëscht Mäertert a Gréiwemaacher e weideren Auto an e Potto gerannt ass. D’Pompjeeë vu Réimech an d’Ambulanze vu Jonglënster a Réimech waren am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO