
Géint 17.30 Auer gouf eng Persoun blesséiert, wéi sech zu Nidderkäerjeng an der Industriezon “Op Zaemer” e Camion an en Auto ze pake kruten.
Knapps eng hallef Stonn drop goufen et dann zwee Blesséierter, wéi an der Lëtzebuerger Strooss zu Colmer-Bierg zwee Autoen aneneegerannt sinn.
Kuerz no 19 Auer gouf an der Rue du Laboratoire zu Bouneweg eng Persoun vun engem Autobus ugestouss.
Um 19.40 Auer ass et bei engem Feier zu Schengen an der Wäistrooss zu engem Blesséierte komm an 10 Minutte méi spéit gouf eng weider Persoun blesséiert, wéi en Auto zu Uewerfeelen e Bam ze pake krut.
Schliisslech hate sech géint 21.50 Auer op der A13 an Direktioun Schengen zwee Autoen ze pake kritt. Och hei gouf eng Persoun blesséiert.