
Ee Blesséierte gouf et géint 19.30 Auer bei enger Kollisioun tëscht zwee Autoen an der Ettelbrécker Strooss zu Dikrech. Am Asaz waren hei d’Rettungsdéngschter Nordstad.
An der Rue de Colmer-Berg zu Miersch waren d’Ambulanciere vu Lëntgen an d’Pompjeeë vu Miersch géint 20.30 Auer am Asaz, nodeems et och hei tëscht zwee Autoe geknuppt hat. Och hei gouf eng Persoun blesséiert.
Eng weider Persoun gouf bei engem Accident géint 20.47 Auer um CR161 tëscht Diddeleng a Beetebuerg blesséiert. Op der Plaz waren d’Rettungsekippe vun Diddeleng.