WeltnierendagAm Kierchbierger Spidol gouf iwwer Nierenerkrankungen informéiert

Lynn Cruchten
Um Donneschdeg war de Weltnierendag. An deem Kader hunn d’Hopitaux Robert Schuman an hiert Spidol op de Kierchbierg invitéiert.
Am Kierchbierger Spidol gouf iwwer Nierenerkrankungen informéiert
Um Donneschdeg war de Weltnierendag. An deem Kader hunn d’Hopitaux Robert Schuman an hiert Spidol op de Kierchbierg invitéiert.

Wärend gutt 4 Stonne goufen d’Leit an der Entrée vum Gebai op verschiddene Stänn iwwer méiglech Nierenerkrankungen informéiert a konnten och hir Blutt, Urin oder Zockerwäerter teste loossen. Et gouf driwwer opgekläert, wat fir Risikofacteuren et ginn, wéi ee seng Niere präventiv ka schützen an wouropper ee bei der Ernärung soll oppassen. Et gëtt geschat, datt weltwäit 10% vun de Mënschen, eng méi oder manner schlëmm Nierekrankheet hunn. Well Nieren awer verstoppten Organer wieren, wiere sech vill Patienten net bewosst, datt se gesondheetlech Problemer hätt. Et géif ee laang kee Wéi verspieren, erkläert den Dokter Claude Braun, deen ënner anerem als Nephrolog am Spidol schafft.

“Et gëtt Symptomer. Leider komme se oft relativ spéit. Mee et gëtt awer och Symptomer, wou ech e bësse muss hellhöreg ginn. Héije Bluttdrock kann op eng Nierekrankheet hiweisen, de Fait, dass d’Been heiansdo schwëllen, also datt een Ödemer huet, Waasseralagerung an de Been. Dass ee vläit bësse méi kuerzootmeg ass, dass ee midd ass, erschöpft ass, keen Appetit huet. Dat kënnen Zeeche vun enger Nierekrankheet sinn. Also präventiv gesond liewen, ass ëmmer ee gudden Tipp. Dat heescht, e bëssen oppassen op de Bluttdrock. Kucken zum Beispill, déi Leit, déi Zocker hunn, kënnen och vill maachen, datt se net herno eng Atteinte vun enger Nier kréien. Et gëtt Medikamenter, déi ech muss vermeiden. Et gëtt e gesonde Liewensstil zum Beispill wat een ësst. Do ass zum Beispill mediterrane Kascht eppes, wat weltwäit recommandéiert gëtt, well dat och erwisenermoossen d’Niere ka schützen.”

A fir ze weisen, dass mediterraant Iessen net just gesond ass, mee och schmaacht, huet eng Lëtzebuerger Kächin um Donneschdeg am Kierchbierger Spidol ënner anerem Focaccia an eegen Zalotekreatiounen zerwéiert. D’Leit kruten d’Rezepter dann och schrëftlech mat fir doheem nozekachen.

Back to Top
CIM LOGO