Bei Renovatiounsaarbechten am Gebai ass rauskomm, dass gewëss Bauelementer an den ieweschte Stäck vum ale Gebai net méi den haitegen Ufuerderungen entspriechen. Elo muss d’Schoul do ronderëm schaffen.
Déi konsequent a preventiv Mesurë wieren am Interêt vun de Schüler an dem Personal, heescht et vum Educatiounsministère. Am Moment sinn d’Schüler vum Robert-Schuman, déi vun den Aarbechte betraff sinn, alternativ am neie Gebai respektiv am Institut national des langues ënnerbruecht ginn. Och de Rez-de-chaussée wier wéinst gewësse Stabiliséierungsmesurë weider ouni Gefor ze benotzen.
D’Sécherheet vun de Schüler an dem Personal wier awer ni a Gefor gewiescht, verséchert d’Directrice vum Lycée, Michèle Remakel: “Do sinn zwee onofhängeg Experten, déi dat nach eng Kéier gekuckt hunn, déi gesot hunn, et ass definitiv keng Gefor do, et ass reng präventiv, et ass einfach, hautdesdaags sinn d’Standarden anerer wéi virun 100 Joer, dat ass normal an dofir krute mer eeben dunn gesot, mir sollen do awer elo Mesurë präventiv huelen an éischten, zweeten, drëtte Stack net méi benotzen.”
D’Personal an och d’Schüler weisen awer Verständnis fir d’Situatioun:
“Also ech mengen net, dass eng gréisser Gefor do ass. Ech mengen dat ass jo och am Communiqué kloer matgedeelt ginn a voilà. An ech menge bei de Schüler ass grousst Versteesdemech. An och bei den Enseignanten a vun do aus ass dat mengen ech am Moment kee gréissere Problem.”
“Dat eenzegt wat ass, et war halt eng relativ grouss Iwwerraschung a mir op der Première waren halt souwisou schonn nervös fir den Examen an dass dann halt do nach Verännerunge komm sinn, huet eis am Ufank e bësse beonrouegt, mee schlussendlech ass et guer net esou schlëmm, wéi mer elo gefaart hunn, well et ass awer alles zimmlech ronn gaangen no der Vakanz.”
“Fir mech ass et éischter, well ech Franséisch gewielt hunn, hunn ech mat der G Franséisch an da muss ech ëmmer Moies bis bei den INL goen an dann erëm zréck.”
Elo géife weider Analysen ustoen, fir kloerzestellen, wat un Aarbecht usteet a wéi een dat géing maachen.
De Relogement vun de Klasse géing dat Ganzt awer méi einfach maachen, erkläert den Direkter vun der Administration des bâtiments publics, Luc Dahmen:
“Mir ginn op déi sécher Säit a mir huelen einfach d’Schüler an d’Enseignanten an d’Personal aus dem Gebai eraus. An dann ass egal wéi all Mënsch a Sécherheet, an dat erlaabt eis am Fong elo och, fir dann dee Chantier, deen dann elo kënnt u sech och méi einfach a méi schnell ze maachen, well andeem, dass mer elo u sech d’Gebai eidel gemaach hunn, kënne mir u sech de Projet och elo ganz anescht plangen. An et si manner Nouisancë fir d’Schoul och, well dee Phasage ass an der Schoulzäit geplangt ginn, net an de Vakanzen.”
Et wieren am Moment ongeféier 20 Klasse betraff. Spéitstens am Hierscht dëst Joer solle Pavillonen an den Haff vun der Schoul kommen, déi op Mooss gebaut goufen. Esou wéilt ee garantéieren, dass de Lycée trotz zäitopwännegen Aarbechte funktionéiere kann. Am Moment hätt een awer nach keng kloer Donnéeën, wéi laang et géing daueren. Et géif een awer d’Opportunitéit notze fir an engems d’Klassesäll ze renovéieren.