
Aktuell sëtzen zu Lëtzebuerg 40 Fraen am Prisong, 33 zu Schraasseg a 7 zu Giwenech. Ma wéi steet et ëm d'Konditiounen, ënnert deenen déi weiblech Prisonéier ënnerbruecht sinn? Déi Fro gouf en Dënschdeg an der Chamber wärend enger Interpellatioun diskutéiert. Iwwert d'Parteigrenzen ewech huet een op de rezente Rapport vum Ombudsmann verwisen an et war ee sech doriwwer eens, datt nach vill Loft no uewen ass.
Frae maache ronn 10 Prozent vun der Populatioun am Prisong aus an dat géing dozou féieren, datt se dacks och just 10 Prozent vun der Opmierksamkeet vun der Politik kriten. Dat huet op mannst d'Presidentin vun der LSAP-Fraktioun Taina Bofferding gemengt, déi d'Interpellatioun iwwert d'Situatioun vu Fraen am Prisong ugefrot hat. Dobäi dierft d'Geschlecht keen Impakt op d'Qualitéit vun der Ënnerbréngung hunn. Aktuell wier d'Situatioun vun de Fraen awer a ville Beräicher nach ee gudde Krack méi schlecht wéi bei de Männer. Sou géing am Block F, deen eenzege Block zu Schraasseg, wou Fraen ënnerbruecht sinn, keng Trennung no Profiller virgeholl ginn: "Am selwechte Block liewe verurteelt Fraen niewent Fraen an Untersuchungshaft, Mineuren niewent Erwuessenen an traumatiséiert Fraen nieft Fraen, déi selwer Gewalt ausgeüübt hunn. Dat ass keng Erausfuerderung, mee dat ass strukturellt Versoen. Dat féiert zu Spannungen, zu Konflikter an et féiert dozou, datt individuell Besoinen net genuch berécksiichtegt ginn."
D'Stéphanie Weydert vun der CSV huet de Fokus op d'Aarbecht geluecht, där d'Prisonéier wärend hirer Haft nogoe kënnen. D'Frae kriten zu Schraasseg zwar Aarbecht ugebueden, mee déi wier awer net méi zäitgeméiss: "Strecken, Wäschen, Bitzen, bëssi Broderie-Aarbechten, Recycling a kleng Bricolage-Aarbechten, bon, dat sinn Aarbechten, déi hire Wäert hunn, mee trotzdeem ass dat net e bëssi 'altbacken' a bréngt eis zeréck an eng traditionell Geschlechterroll a bitt eigentlech nëmme limitéiert berufflech Perspektiven?"
Am hallef-oppene Prisong zu Giwenech hätt sech gewisen, datt et eng Plus-value duerstellt, wa Fraen a Männer zesummen an Ateliere schaffen.
D'Carole Hartmann vun der DP huet fonnt, eng vun de gréissten Erausfuerderunge wier et, datt d'Zuel vun de Prisonéier konstant an d'Luucht geet. Dowéinst misst een och iwwert Alternativen zur klassescher Prisongsstrof nodenken: "Ech denken hei notamment un de Bracelet électronique, am Strofvollzuch gëtt d'Surveillance électronique nach relativ limitéiert agesat, obwuel vill Leit relativ kuerz Strofen ofsëtzen, also grad Fäll, wou sou eng Alternativ kéint a Fro kommen. Och am Kader vum Contrôle judiciaire vu Prévenuen ass dës Méiglechkeet am Gesetz virgesinn."
Den Dan Hardy vun der ADR huet zwar och gemengt, datt et nach Beräicher gëtt, wou Verbesserungen néideg sinn, ma d'Situatioun wier awer och net katastrophal. Et wier iwwerdeems normal, datt bei der Organisatioun vum Prisong geschlechtsspezifesch Ënnerscheeder berécksiichtegt géinge ginn.
D'Sam Tanson vun deene Gréngen huet bedauert, datt no der Ouverture vum Untersuchungsprisong um Uerschterhaff, zu Schraasseg net vill méi zousätzlech Plaz fir weiblech Gefaangener entstane wier, dat well den Uerschterhaff sou staark ausgelaascht ass. Et misst ee vläicht doriwwer nodenken, eng speziell Struktur fir Fraen ze schafen.
De Sven Clement vun de Piraten huet kritiséiert, datt et am Beräich vun der psychologescher Betreiung vun de Fraen am Prisong nach vill Loft no uewe wier. Psychesch Krankheete kéint een am Géigesaz zu Mënschen net einfach ewechspären.
De Marc Baum vun deene Lénken huet d'Fro gestallt, firwat beim Plange vum Prisong um Uerschterhaff keng speziell Raimlechkeete fir Frae virgesi goufen.
D'Justizministesch Elisabeth Margue huet ënnerstrach, datt een d'Konditioune wuel just duerch de Bau vun engem neie Prisong dauerhaft verbessere kann. Dësen dierft awer nach eng ganz Partie Joren op sech waarde loossen.