
Un där Reform gouf ronn 10 Joer geschafft a se huet fir Lëtzebuerg gréisser Repercussiounen, virun allem well mir op besonnesch vill Frontalieren ugewise sinn an et am Text notamment ëm d’Fro geet, wien no wéi enger Zäit fir hier Chômageindemnitéit muss opkommen.
D’Reform gesäit vir, datt Leit, déi op d’mannst 22 Wochen zu Lëtzebuerg geschafft hunn, och sechs Méint Chômage zegutt hunn. Dat bedeit finanziell Konsequenze fir Lëtzebuerg, déi considerabel sinn, esou d’Europadeputéiert vun déi Gréng, d’Tilly Metz, déi fir d’Reform gestëmmt huet. Si ënnersträicht, datt déi Indemnitéit de Frontaliere vun engem gewëssen Ament un zousteet.
"Et dierf een net vergiessen, datt déi Frontaliere jo och jorelaang zu Lëtzebuerg hir Steiere bezuelt hunn. Also, déi Harmoniséierung fir d’Beneficer vum Chômage vun deem Land ze kréien, wou ee geschafft huet, ass am Fong ganz logesch an och richteg fir déi Leit. Lëtzebuerg ka sech jo net d'Korinte vum Kuch huelen. Mir géife jo als Land zesummefalen, wa mer d’Frontalieren net hätten."
Méi Detailer - seet d’Tilly Metz - bréicht een awer elo nach bei der Fro, wéi dës Reform applizéiert gëtt. Si freet sech och, wéi et mat der Weiderbildung ass a wat geschitt, wann déi sechs Méint ëm sinn.
Méi Detailer froen och d’CSV-Europadeputéiert. D’Isabelle Wiseler-Lima an d’Martine Kemp hu sech beim Vott enthalen. D’Martine Kemp präziséiert, datt jo och d’Reintegratioun op den Aarbechtsmarché vu Lëtzebuerg muss iwwerholl ginn, wat d’ADEM virun eng Erausfuerderung géif stellen:
"Well déi natierlech déi Capacitéiten och deen Ament brauch, fir kënnen déi Frontalieren opzefänken, déi dann deen Ament hir Aarbecht verléieren. Dat ass en Dossier, deen elo no ganz laange Verhandlunge gestëmmt ginn ass. Et wäerten nach ganz vill Detailer dono an der Ëmsetzung musse gekuckt ginn, well do ass op europäeschem Niveau gekuckt ginn, eng Problematik, déi awer ganz villfälteg an Europa ass, zesummenzefaassen, wat dono an der Ëmsetzung fir déi eenzel Länner nach eng Kéier Ënnerscheeder bedeit."
Do ass villes nach net kloer, confirméiert de liberale Charel Goerens aus der Renew Europe Fraktioun, dee fir den Text gestëmmt huet an drop hiweist, datt een d’lescht Woch schonn eng Reunioun mat de Sekretäre vun OGBL an LCGB hat.
"Vue datt mer eng Iwwergangsperiod vun enger Rei vu Joren hunn, wier et gutt, wa mer elo relativ séier geséichen, wéi dat do sech an der Praxis wäert bewäerten. Besonnesch stellt sech d’Fro vun der Kontroll vun de Leit, déi am Grenzberäich de Chômage kréien. Dat gëtt schonn intressant. Et wier gutt elo emol Kloerheet do dran ze gesinn."
Genee wéi de Charel Goerens huet den LSAP-Europadeputéierte Marc Angel fir den Text gestëmmt. De Fernand Kartheiser vun der ADR huet sech enthalen. Nieft de Chômageindemnitéite geet et bei dëser Reform awer och ëm d’Familljeleeschtungen, d’Fleegeleeschtungen an e méi einfachen Austausch vun Daten tëschent de Verwaltunge fir Bedruch z’evitéieren.
De Charel Goerens proposéiert eng Entrevue tëschent deene 6 Europadeputéierten an der zoustänneger Chamberkommissioun um Krautmaart.