
Um kuerz viru 17 Auer en Dënschdeg koum et zu engem Vegetatiounsbrand bei de Foireshalen um Kierchbierg. E weidere Vegetatiounsbrnad gouf et op der Haaptstrooss zu Wëntger, dat um kuerz virun 18:30 Auer. A béide Fäll ass keng Persoun zu Schued komm.
E Motocyclist ass op der N31 tëscht Diddeleng a Keel gefall, dat um 18:43 Auer. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert, am Asaz waren d'Ekippe vun Diddeleng. Och tëscht Kauneref an Esch ass e Motocyclist gefall, hei hu sech d'Secouriste vu Wolz a vum CIS Alebesch gekëmmert.