Chamber stëmmt méi klore legale Kader fir privat SecurityfirmenSécherheetsbeamten hunn net déi selwecht Kompetenze wéi d'Police

Marc Hoscheid
Iwwert d'Sécherheet, notamment am ëffentleche Raum, gouf an deene leschte puer Joer nawell relativ vill diskutéiert.
© RTL Archiv

Virun deem Hannergrond gouf en Dënschdeg an der Chamber mat grousser Majoritéit ee Gesetzesprojet ugeholl, dee méi ee klore legale Kader fir privat Sécherheetsfirme schaaft. Eng Partie Riedner huet gemengt, dat wier och net vu Muttwëll, well dee Secteur an deene leschte Joren zolidd gewuess ass.

Wichteg wier virun allem, datt den Text kloerstelle géing, datt Sécherheetsagenten net déi selwecht Kompetenze wéi Policebeamten hunn. Dat huet ënnert anerem d'Spriecherin vun der grénger Sensibilité politique a fréier Justizministesch Sam Tanson ënnerstrach: "Et ass mer awer och wichteg, nach eng Kéier ze ënnersträichen, et si lo e puer Leit dorobber agaangen, datt effektiv een Agent am ëffentleche Raum ee ka festhalen, mee en huet do net méi Kompetenzen, wéi iergendee vun eis heibannen. Dat sinn déi selwecht Kompetenzen, wéi déi vum Artikel 43 vum Code de procédure pénale, wann ee 'flagrant délit' festgestallt gëtt, da kann een higoen an eng Persoun festhale bis d'Police do ass, hei gëtt nach präziséiert, datt dat wannechgelift net soll geschéien, sou wäit dat méiglech ass, ënnert den A vun der Ëffentlechkeet, an domadder huet et sech."

Dat neit Gesetz reegelt iwwregens och den Asaz vun Hënn duerch Sécherheetsbeamten. Viru fënnef Joer hat jo ee Video fir Opreegung gesuergt, op deem ze gesi war, wéi een Hond vun enger Sécherheetsfirma, déi d'Stad Lëtzebuerg engagéiert hat, op der Gare eng Persoun gebass hat.

Back to Top
CIM LOGO