Keng GéigestëmmenMediegesetz fir Recht op Informatiounszougang an der Chamber ugeholl

RTL Lëtzebuerg
D'Chamber huet en Dënschdeg mat 53 Jo-Stëmmen ee Gesetz ugeholl, dat dem professionelle Journalismus méi Moyene gëtt.
© RTL

An Zukunft sollen d'Journalisten ee Recht op Informatiounszougang hunn. Dat soll et méi einfach maachen, Informatioune bei ëffentlechen Ariichtungen – zum Beispill bei de Gemengen oder beim Staat – unzefroen, an och konkret Äntwerten ze kréien.

Doduerch, datt dat neit Gesetz de Journalisten een Zougangsrecht op Informatioune vun ëffentlechen Ariichtunge gëtt, géif een "explizitt déi weesentlech Roll vu professionelle Journalisten an enger demokratescher Gesellschaft" unerkennen, huet et en Dënschdeg an der Matdeelung nom Vott geheescht.

Donieft sollen d'Journalisten an Zukunft och dobäi ënnerstëtzt ginn, déi gesichten Dokumenter ze identifizéieren a si solle matgedeelt kréien, wéi laang si ongeféier op eng Äntwert wäerte waarde mussen.

Mussen Deeler vun den Dokumenter, ier se iwwermëttelt ginn, geschwäerzt ginn, well si sensibel Informatiounen hunn, soll dat an Zukunft och méiglech sinn.

Och d'Pressehëllef wäert iwwerschafft ginn, andeems verschidde Punkte vum Gesetz vun 2021 adaptéiert ginn, fir op d'Changementer am Secteur ze reagéieren. D'Hëllefe ginn an Zukunft indexéiert, wärend méi kleng Projete vun enger "de minimis" Hëllef profitéiere kënnen. Gläichzäiteg sollen d'Plaffonge vu verschiddenen Hëllefen opgehuewe ginn.

Dat neit Gesetz schreift ausserdeem d'Definitioun vum Beruffsjournalist oder der Beruffsjournalistin méi kloer fest. Et gëtt festgehalen, datt all Mënsch, deen eng Pressekaart ufreet, haaptberufflech Journalist muss sinn an de Beruff zanter op d'mannst dräi Méint muss maachen. Et gëtt och festgehalen, datt d'Ausübung vum Beruff net vereenbar ass mat all Aktivitéit, déi mat Reklammen ze dinn huet.

Back to Top
CIM LOGO