Giischtercher hu séier a gutt reagéiertAm Prisong um Uerschterhaff huet et gebrannt

RTL Lëtzebuerg
E Freideg den Owend huet et um 18.30 Auer am Prisong fir Untersuchungshäftlingen um Uerschterhaff gebrannt.

Wéi d’Prisongsverwaltung an engem Communiqué schreift, hätten d’Giischtercher d’Feier séier ënner Kontroll gehat. Dräi vun den Agente goufen duerno routinneméisseg no esou engem Tëschefall vun engem Dokter ënnersicht. Vun den Untersuchungshäftlinge gouf kee verwonnt. Wéi et heescht, waren d’Direktioun vum Prisong an d’Police op der Plaz. D’Police judiciaire ass elo mat der Enquête befaasst an d’Prisongsverwaltung an den Ombudsman goufen iwwert den Tëschefall informéiert.

Offiziellt Schreiwes

Incendie au Centre pénitentiaire d’Uerschterhaff (11.01.2025)
Communiqué par : Administration pénitentiaire

Pendant la soirée du 10 janvier, vers 18h30, un incendie s’est déclaré au Centre pénitentiaire d’Uerschterhaff.

L’intervention efficace des agents pénitentiaires sur place a permis de maîtriser le feu en très peu de temps. Aucun détenu n’a été blessé et trois agents ont subi un contrôle médical de routine à la suite de l’incident.

La direction du Centre pénitentiaire d’Uerschterhaff et la police étaient sur les lieux. La direction de l’Administration pénitentiaire et l’Ombudsman en sa qualité de contrôleur externe des lieux privatifs de liberté ont immédiatement été informés de l’incident. La police technique du Service de police judiciaire s’est rendue sur place et mène l’enquête.

Back to Top
CIM LOGO