Chamber stëmmt MotiounAm Sudan besteet de Risiko vun engem Genozid

RTL Lëtzebuerg
Dat gouf direkt e puer Mol an der Chamber ënnerstrach, wou eng Motioun vum Laurent Mosar unanime ugeholl gouf.

Den CSV-Deputéierte wollt op déi katastrophal humanitär Situatioun opmierksam maachen, dorobber datt 25 Millioune Mënschen an enger prekärer Situatioun liewen a 17 Milliounen Leit vun enger Hongersnout betraff sinn.
Quasi all d’Riedner um Krautmaart hu bedauert, datt den humanitären Desaster am Sudan - virun allem am West-Darfur - net genuch Opmierksamkeet kritt an dobäi, esou den DP-Deputéierte Gusty Graas wier et eng Situatioun, déi een zënter Joren misst interpelléieren.

De Laurent Mosar huet aus dem Rapport vun Human Rights Watch zitéiert, deen d’lescht Woch publizéiert gouf.

“Wou Rieds geet, datt hei déi lokal Populatioune massakréiert ginn. Honnertdausende Leit ginn deplacéiert an de Risk vun engem Genozid ass reell ginn, well notamment déi lokal Populatiounen, virop d’Masalitten, mä och anerer systematesch niddergemetzelt ginn.”

Och den Yves Cruchten vun der LSAP huet kloer Wierder fonnt.

“Déi grujeleg Gewaltdote géint d’Masalitvollek an aner net-arabesch Communautéiten hunn en ethnesche Charakter a sinn dofir ganz kloer schaarf ze verurteelen.”

A senger Motioun huet de Laurent Mosar d’Regierung ënnert anerem opgefuerdert, sech an der Lutte géint déi humanitär Kris z’engagéieren an um Niveau vun der Europäescher Unioun z’intervenéieren, fir datt nach méi Drock op déi sudaneesesch Autoritéite gemaach gëtt. Mam Zil, datt et zu engem Waffestëllstand kënnt an d’Mënscherechter respektéiert ginn.

De liberale Gusty Graas huet ënnerstrach, datt een och hei gesäit, wéi wichteg eng staark EU ass.

“Dat do ass och erëm e gutt Beispill, wéi wichteg datt et ass, datt d’Europäesch Unioun an Zukunft um internationalen Niveau méi eng staark Roll ka spillen. Ech wëll elo net erëm d’Diskussioun opmaachen iwwert d’Unanimitéit an der Aussepolitik, mä et ass hei erëm eng Kéier bewisen, wéi wichteg et ass, datt mer och als Europa méi eng staark Stëmm kréien.”

Um Krautmaart gouf iwweregens eng zweet Motioun ugeholl vum Gusty Graas, an där et ëm de Konflikt tëschent Armenien an dem Aserbaidschan geet. Déi aner Woch ass eng Delegatioun aus der Chamber an Armenien.

Back to Top
CIM LOGO