
Dës Aläerte huet e Sonndeg nach fir de ganze Grand-Duché gegollt. E Méindeg de Moie huet MeteoLux d’Warnung awer fir de Süden ugepasst. Wéinst Temperaturen tëscht 33 a 35 grad huet ee se fir déi Regioun vum Land op “Orange” eropgeschrauft. Dës Warnung gëllt och nees fir e Méindeg an en Dënschdeg.
Besonnesch akut sollen d’Temperaturen tëscht 12 Auer Mëttes an 21 Auer owes sinn. D’Temperature sollen dann am nërdlechen Deel vum Land tëscht 30 an 33 Grad leien, am Süden esouguer tëscht 33 an 35 Grad, woubäi se an der Muselregioun an an de Stied nach driwwer eraus klamme kënnen. An der Nuecht, esou schreift Kachelmann, fale se awer op 17 bis 22 Grad zeréck.

En Dënschdeg da bleiwen d’Temperature weider héich, mat engem Minimum vu ronn 20 Grad an engem Maximum vu 34 Grad. Hei soll et dann awer am spéiden Nomëtteg, respektiv owes zu vereenzelten Donnerwiedere a liichtem Reen kommen. Vun e Mëttwoch un, esou déi aktuell Previsiounen, falen d’Temperaturen nees ënner 30 Grad an et muss ee weider mat Wiedere rechnen.
U Leit mat gesondheetleche Problemer a Senioren ass et wéi gewinnt den Tuyau, sech net ze laang an der praller Sonn opzehalen a fir alleguerten d’Leit, genuch ze drénken.