Welleschter KiermesAm Ufank war eng seele Fruucht

Diana Hoffmann
D’Welleschter Kiermes zu Welleschten ass iwwert d’Muselregioun eraus fir vill Leit Traditioun.
Welleschter Kiermes
Am Ufank war eng seele Fruucht

Zanter 1977 gëtt d’Welleschter Kiermes vum Syndikat d’Initiative Welleschten organiséiert. Ma nieft der Freed an der Gesellegkeet steet awer och eng ganz besonnesch Fruucht hei am Fokus. Net emol e Kilometer vum Duerfkär ewech an de Wäibierger sinn d’Duederen ze fannen. Eng ganz besonnesch Fruucht, déi de Syndicat d’Initiative Welleschten schonn zanter 47 Joer fir sech ze notze weess.

«Ech hat emol en alen Noper, dee sot d’Duedere wuesse just zu Welleschten. Op der Kiermes, déi mer och Duedere-Kiermes genannt hunn, gëtt et och den Duedere Branntewäin, deen et soss néirens gëtt», erkläert de Bernd Weber, deen zanter der Grënnung vum Syndicat d’Initiative do mat involvéiert ass. D’Duedere-Beem géingen eenzeg an eleng zu Welleschten vum selwe wuessen.

D’Kiermes dréint sech also an hirem Ursprong ëm d’Fruucht, déi wéi en Dueder vum Ee ausgesäit. Dohier hiren Numm. Fir den Organisateur ass et wichteg, d’Traditiounen z’erhalen. «An do gehéieren eben déi Duedere mat dran. An du si mer op d’Iddi komm, selwer e Bongert an d’Liewen ze ruffen. Mat Hëllef vun der Gemeng krute mer en Terrain», erzielt d’Jackie Reiffers, déi zanter 2010 am Comité vum Syndicat d’Initiative ass. An zanterhier ass een elo scho 4 Joer hei um Projet drun.

Déi kleng Fruucht huet also sou munches zu Welleschten a Beweegung bruecht. Dofir ass och e Sonnden am Duerfzentrum nees eng méi lass. Musel oblige dréint sech hei villes ëm de Wäin, mee och Duedere sinn ze fannen zum Beispill a Form vun enger Duederen-Taart. E Fest, wat ouni di vill Benevollen awer net ze stemme wier. «Ech sinn ëmmer frou fir ze hëllefen. Ech kommen zanter ech ganz Kleng sinn heihinner. et ass flott Traditiounen ze halen. D’Leit rëmzegesinn op der Kiermes. Jidderee vun der ganzer Gemeng kënnt heihinner», seet d’Lily Hobscheid, dat als Benevole beim Syndicat hëlleft. D’selwecht gesäit dat de Giacomo Sanna: «Et ass eng Freed hei ze hëllefen. E Syndicat kann dat net eleng droen. Dofir si mir Veräiner do, fir hei eng Hand mat unzepaken».

All zesumme suerge si fir d’Wuel vun de Visiteuren. Ma fir d’Distraktioun ass och scho quasi vun Ufank un d’Welleschter Musek mat dobäi. «Deen éischte Concert, deen d’Welleschter Musek gespillt huet, war 1897 op der Kiermes hei bei der Kierch. Do war awer soss näischt. Dat ass dunn zesummegewuess. Mir sinn ëmmer méi op d’Plaz geréckelt, fir elo dann hei op der Plaz beim Syndicat e Concert ze spillen», betount d’Josiane Schons, Vizepresidentin vun der Welleschter Musek. Wéi all Joer, sou och dës Joer.

Bis an de Sonndeg Owend era ginn d’Leit mat Musek verwinnt an e Méinde geet et zu Wellestee nees genausou weider.

Back to Top
CIM LOGO