Dacks sinn et just e puer Sekonnen, déi een Zäit huet, fir säi Message un de Wieler ze kréien.
Dat weess och de Kommunikatiounsberoder Lou Scheider:
“Wanns de an enger Stad ënnerwee bass, dann hues de tëscht 1.200 an 1.500 Kontakter den Dag mat iergendwelleche Visuellen. Et ass schonn eng Mass un Influencen do. D’Leit huele se awer nach op. Se mussen dofir awer ëmsou méi séier erkennbar sinn. Et huet een dacks kee laange Kontakt mat den Affichen. Déi Codë musse funktionéieren an d’Messagë mussen extreem einfach sinn. Et ass ganz kloer d’Reegel: manner ass méi.”
Och wann dat traditionellt Walplakat iwwert déi lëscht 30 Joer un Impakt verluer huet, gehéiert et nach ëmmer zu enger kompletter Walcampagne. Den Design haut gëtt generell méi professionell. Bei de méi klenge Parteie feelt et dacks awer nach un enger klorer Linn. Ze vill oder ze wéineg Text. Och d’Foto-Qualitéit spillt eng Roll.
Par Rapport zum Ausland géif dem Lou Scheider no awer eppes besonnesch opfalen; “Datt d’Message ganz brav sinn. Éischter defensiv. ‘Komm mir maachen dat professionell, propper, ouni eis e Feeler ze erlaben.’ Dofir feelt et de Parteien deels awer och un Dynamik oder daat wat dech méi géif accorchéieren.”
Et géif deels u Kreativitéit feelen, esou de Kommunikatiounsspezialist. Typesch Lëtzebuerg, géif och bei dëse Wale méi op d’Käpp op de Walplakater gesat ginn ewéi op kuerz a kloer, definéiert Messagen. D’Ausname wieren d’ADR an déi gréng.
“Wann s de mat deene villen allgemenge Sloganen: ‘fir e séchert Europa’, ‘e staarkt Europa’ ronderëm hantéiers, dat huelen d’Leit net méi op. Dat ass fir vill Leit eng Selbstverständlechkeet. Dat wat soll erausstieche feelt e bëssen. An dat ass Schued.”, fënnt de Lou Scheider.
D’Campagne vu Gréng a Rout iwwerzeegt den Expert am meeschten: “Doduerch, datt se bësse méi dynamesch sinn. Och de Slogan vum Häerz wéist, datt ee sech kloer well demarkéieren vun der Majoritéit DP an CSV. Do sinn Campagnë professionell a ganz brav, mee déi änele sech och immens. Och well de bloen Toun an der Europa-Campagne elo nach méi erauskënnt. Se wierke relativ vergläichbar.“
Walplakater gëtt et scho gutt 100 Joer zu Lëtzebuerg. Soubal wäerte se also net verschwannen. Och net iwwert déi nächst 3 Wochen.