
Ronderëm d’Plaz vun der Infektioun gouf eng Spärzon vun 3 Kilometer installéiert. Eng Lëscht vun den Uertschaften, wou Consignë gëllen a wou d’Beievëlker musse gemellt ginn, fënnt een am detailléierte Communiqué vum Landwirtschaftsministère.
D’ALVA weist drop hin, datt et sech ëm eng spezifesch Beie-Krankheet handelt. Beim Konsum vun Hunneg besteet fir de Mënsch kee Risk.