D'Aktualitéit "kanna"-liicht erkläertAn de Kannaniuuss dës Woch: Astronauten, e grénge Feierdag a Basket

RTL Lëtzebuerg
Noriichte fir Kanner ginn et schonn zanter September 2020 all Sonnden den Owend wärend der Schoulzäit op der Tëlee, um Enn vun der Kannativi-Emissioun.
D'Kannaniuuss vum 23. Mäerz 2025
Dës Woch schwätze mir iwwer Astronaute mat Verspéidung, St. Patrick’s Day, mir kucken hannert d’Kulissen vun engem Basketsmatch a ginn mat de Bësch botzen.

Hat dir dat vun deenen Astronaute matkritt, déi eigentlech just e puer Deeg op déi international Raumstatioun an de Weltall sollten, wéinst Komplikatiounen awer 9 Méint do uewe festsouzen? Ënner anerem dorëms geet et dës Woch an eise KannaNiuuss. Mir erklären iech och wat St’Patrick’s Day mat der grénger Faarf ze dinn huet, kucken hannert d’Kulisse vun enger Basketsfinall a besichen d’Laura Thorn am Studio.

Am Reportage begleede mir ee 6. Schouljoer vun Dikrech, déi mat Händchen an Tuten ekipéiert de Bësch gebotzt hunn.

D’Kannaniuuss kënnt Dir um RTL Play oder sonndes um 9 an um 18 Auer am KannaTivi op der Tëlee kucken.

Wat sinn d’Kannaniuuss?

Op kannerfrëndlech Aart a Weis erkläre mir, wat zu Lëtzebuerg an an der Welt geschitt. D’Kannaniuuss sinn ëmmer opgedeelt an en Newsblock an e Reportage, bei deem mir engem Thema op de Fong ginn. Dobäi komme Kanner och selwer ëmmer erëm zu Wuert an de Kannaniuuss ginn et reegelméisseg och Reportagë vun eise jonke Kanner-Reporter. Déi aktuell Emissioun vun de Kannaniuuss fannt dir ëmmer sonndes moies um 9 Auer um RTL Play.

Dir fannt dës Emissioun um RTL PLAY

https://play.rtl.lu/shows/lb/kannativi/episodes
https://play.rtl.lu/shows/lb/kannaniuuss/episodes
https://play.rtl.lu/shows/lb/eis-stemmen/episodes
https://play.rtl.lu/shows/lb/kleng-freet-grouss-rtl-kannerreporter/episodes

Back to Top
CIM LOGO