Hei kucke mer zeréck op déi däitsch Walen. E kuerze Bléck gëtt et och a Richtung Washington, wou d’Negociatioune fir de Fridden an der Ukrain sech weider no fir beweegen. Da kann ee vun haut un s och mam Tram bis op de Fluchhafe düsen.
An… ganz wichteg och… fir esou muncher een ass et jo bal déi schéinsten Zäit vum Joer. Zu Lëtzebuerg an iwwert d’Grenzen eraus gëtt op den éischte Kavalkade gefeiert. An do muss ee jo – och als Kand – an déi richteg Stëmmung kommen. Vläicht steet hei jo och déi éischt Visitt op e Kannerfuesbal um Programm.
An am Reportage duerno geet ëm de Projet, bei deem Déieren eis Mënschen och emotional ënnerstëtzen
D’Kannaniuuss kënnt Dir um RTL Play oder sonndes um 9 an um 18 Auer am KannaTivi op der Tëlee kucken.
Op kannerfrëndlech Aart a Weis erkläre mir, wat zu Lëtzebuerg an an der Welt geschitt. D’Kannaniuuss sinn ëmmer opgedeelt an en Newsblock an e Reportage, bei deem mir engem Thema op de Fong ginn. Dobäi komme Kanner och selwer ëmmer erëm zu Wuert an de Kannaniuuss ginn et reegelméisseg och Reportagë vun eise jonke Kanner-Reporter. Déi aktuell Emissioun vun de Kannaniuuss fannt dir ëmmer sonndes moies um 9 Auer um RTL Play.
https://play.rtl.lu/shows/lb/kannativi/episodes
https://play.rtl.lu/shows/lb/kannaniuuss/episodes
https://play.rtl.lu/shows/lb/eis-stemmen/episodes
https://play.rtl.lu/shows/lb/kleng-freet-grouss-rtl-kannerreporter/episodes