
Fir d’Walrecht mat 16 Joer bei Gemengewalen: Déi Gréng hunn haut eng entspriechend Gesetzpropositioun deposéiert, déi elo an d’Chamber-Institutiounekommissioun geet an aviséiert gëtt.
Beim Referendum virun 11 Joer hat eng 80-Prozent-Majoritéit vun de Walberechtegten d’allgemengt Walrecht mat 16 Joer verworf. Dat wier scho laang hier, esou d’Deputéiert Sam Tanson. Si huet och betount, datt et deemools ëm d’allgemengt Walrecht gaangen ass, also och d’Walrecht fir d’Chamber an d’Europaparlament. Bei der grénger Propositioun géing et drëm goen, déi Jonk just op Gemengenniveau méi ze bedeelegen.
Zwee fréier Presidente vum Jugendparlament hunn iwwerdeem schonn d’Ënnerschrëfte vun 39 Buergermeeschtere gesammelt, déi e Walrecht vu 16 Joer u bei de Gemengewale vun 2029 ënnerstëtzen.