D'Aktualitéit "kanna"-liicht erkläertAn de Kannaniuuss dës Woch: Ukrain, Corona, Oscaren, Tali, Fueskostümer

RTL Lëtzebuerg
Noriichte fir Kanner ginn et schonn zanter September 2020 all Sonnden den Owend wärend der Schoulzäit op der Tëlee, um Enn vun der Kannativi-Emissioun.
Kannaniuuss vum 9. Mäerz 2025
5 Joer Corona, Europa an Ukrainkrich, Tali, Oscars 2025, Stréimännchen, Special Olympics, a Fueskostümer

Hei kucke mer zeréck op 5 Joer Corona a wat an der Zäit vun der Pandemie geschitt ass. Och Thema ass den Ukrainkrich, do läit de Fokus op der Decisioun vum US-President Donald Trump, dass d’USA der Ukrain net méi wäerten hëllefen. Da gi mir nach en Abléck an d’Oscar-Zeremonie vum leschte Weekend, ewéi och dem Tali säin éischte Concert am Atelier.

Och den Äschermëttwoch an de Stréimännchen zu Réimech gi kuerz opgegraff. An d’Special Olympics, wou och eng Lëtzebuerger Delegatioun vertrueden ass, sinn Thema.

An am Reportage duerno geet et ëm eng lëtzebuergesch Néiesch, déi Fueskostümer bitzt.

D’Kannaniuuss kënnt Dir um RTL Play oder sonndes um 9 an um 18 Auer am KannaTivi op der Tëlee kucken.

Wat sinn d’Kannaniuuss?

Op kannerfrëndlech Aart a Weis erkläre mir, wat zu Lëtzebuerg an an der Welt geschitt. D’Kannaniuuss sinn ëmmer opgedeelt an en Newsblock an e Reportage, bei deem mir engem Thema op de Fong ginn. Dobäi komme Kanner och selwer ëmmer erëm zu Wuert an de Kannaniuuss ginn et reegelméisseg och Reportagë vun eise jonke Kanner-Reporter. Déi aktuell Emissioun vun de Kannaniuuss fannt dir ëmmer sonndes moies um 9 Auer um RTL Play.

Dir fannt dës Emissioun um RTL PLAY

https://play.rtl.lu/shows/lb/kannativi/episodes
https://play.rtl.lu/shows/lb/kannaniuuss/episodes
https://play.rtl.lu/shows/lb/eis-stemmen/episodes
https://play.rtl.lu/shows/lb/kleng-freet-grouss-rtl-kannerreporter/episodes

Back to Top
CIM LOGO