Schued duerch e WollefAn de leschte 7 Joer gouf a 7 Fäll eng Indemnisatioun ausbezuelt
An de leschte 7 Joer gouf et 7 Schuedensfäll am Land, wou Leit indemniséiert goufen, well se Schued duerch e Wollef erlidden hunn.
Dat geet aus enger Äntwert vun der Agrarministesch Hansen op eng parlamentaresch Fro vun der CSV ervir.
De Wollefsmanagement-Plang vun 2017 gesäit jo esou Dedommagementer vir, beispillsweis wann en Notzdéier gerass gëtt. Bis ewell goufen iwwert dee Wee knapp 7.300€ ausbezuelt.
D’Regierung huet dann och Wëlles de Plang aus dem Joer 2017 ze aktualiséieren.