Podcast mam Gérard Schockmel"An de Lockdown goen, war dat sécherst, wat mer konnte maachen"

Marie Gales
Pierre Weimerskirch
Am RTL-Podcast Wellebriecher kucke mir 5 Joer nom Ausbroch vun der Corona-Pandemie op dës zeréck. Am zweeten Episod mam Gérard Schockmel.
© Patrick Greis

Wier de Gérard Schockmel ouni Corona-Pandemie an d’Politik gaangen? Virun 20 Joer wuel éischter net, esou d’Äntwert vum Infektiolog. Op d’Fro, ob hie gäre Gesondheetsminister wier, koum d’Äntwert:

“Ech mengen, Dir wësst, datt ech d’Saache seriö huelen a mech an Dossieren aschaffen, mech preparéieren. Natierlech hat ech mech dorop ageschafft, well ech wëll net op eemol virun engem Bierg stoen an net wëssen, wat ech soll maachen.”

Duerch Corona wéineg Changementer am Alldag

Mir hate Chance zu Lëtzebuerg, esou den Deputéierte Gérard Schockmel. A Länner wéi Frankräich, Spuenien an Italien konnte mir e bëssen observéieren, wéi dramatesch d’Situatioun ka ginn a mir konnten drop reagéieren.

“Mir sinn an de Lockdown gaangen. An dat war, mengen ech, zu deem Zäitpunkt warscheinlech dat sécherst, wat mer konnte maachen.”

Privat hätt de Lockdown wéineg Changementer mat sech bruecht. Als Infektiolog wier hien nach all Dag an d’Spidol schaffe komm. Am Wellebriecher verréit de Gérard Schockmel och, dass hie vill Zäit domat verbruecht huet, sech iwwer dat ze informéieren, wat an der ganzer Welt u wëssenschaftlechen Artikele publizéiert gouf.

Impfflicht zu Lëtzebuerg hätt eppes bruecht

Beim Thema Impfflicht bleift de Medezinner bei senger Meenung, mir hätten eng gebraucht. Impfstoffer ware ganz effizient:

“Si konnten net verhënneren, datt ee sech infizéiert. Si konnten och net verhënneren, datt ee lo liicht Symptomer vun enger Erkältungskrankheet mécht. Mee dat entscheedend war jo, datt se géint schwéier Komplikatioune schützen a géint Stierwen.”

De Vaccin hätt vill Liewe gerett, datt d’Skepsis vis-à-vis vun den Impfstoffer och haut nach ëmmer do wier, wier op e Manktem u Kommunikatioun zréckzeféieren. Am Virfeld gouf net genuch informéiert.

“Gehierwäsch” duerch sozial Medien

En Deel vun der Impfskepsis wier op déi sozial Medien zréckzeféieren. Vill Leit hu sech wärend der Pandemie an de soziale Reseauen informéiert a sech do zum Deel an enger Informatiounsblos erëmfonnt. Et krut een nëmmen nach seng eege Meenung confirméiert.

“Och a mengem Ëmfeld ware Leit, mat deenen ech ganz gutt war, déi herno, wéi soll ech soen, wéi eng Gehierwäsch eigentlech haten.”

Episod 40 - 5 Joer duerno mam Dr Gérard Schockmel
Den 29.02.2020 gouf den éischte Corona-Fall zu Lëtzebuerg confirméiert an den 11.03. hat d’WHO eng Pandemie ausgeruff.

Villes ass richteg gemaach ginn, mat den eeler Leit awer net

De Gérard Schockmel huet d’Pandemie kritesch begleet. Villes wier gutt gemaach ginn, zu Lëtzebuerg wiere beispillsweis vill Efforte gemaach ginn, fir d’Schoulen opzeloossen. Ëmmer nees huet den Infektiolog an elo Member vun der Chamber de Large Scale Testing kritiséiert, och haut nach fënnt hien dat keng gutt Iddi.

Den Ëmgang mat den eelere Leit gesäit den DP-Politiker haut kritesch. Et hätt een d’Leit net esou streng dierfen isoléieren.

“Ech mengen, do hu mer warscheinlech schonn eppes gemaach, wat mat de Mënscherechter net kompatibel war. An ech hat, wéi gesot, ëmmer dee Verglach mam Aids, wou mer dat net gemaach hunn. An hei op eemol, an dat war fir mech net an der Rei. Dat huet mech schockéiert.”

Back to Top
CIM LOGO