ParquetAn der Affär "Gaardenhaischen" kënnt et zu kenger Uklo

RTL Lëtzebuerg
Dat nodeems géint d'fréier Ëmweltministesch Carole Dieschbourg an den Ex-Déifferdenger Deputé-Maire Roberto Traversini eng Enquête lancéiert gi war.
© RTL Archiv

Dëst wéinst presuméierter “Prise illégale d’intérêts”. Nom Ofschloss vun der Instruktioun duerch d’Police judicaire koum den Untersuchungsriichter awer zur Conclusioun, datt béid gréng Politiker grad wéi verschidden implizéiert Fonctionnairen net ugeklot ginn, an datt keng Bevirdeelegung ënner Parteikolleegen virläit.
Deemno gëtt den Dossier ouni penal Suitë “klasséiert”.

D’Affär geet op d’Joer 2019 zréck, wéi den deemolegen Déifferdenger Buergermeeschter Roberto Traversini eréischt nodréiglech Autorisatiounen ugefrot hat, fir e geierft Gaardenhaus zu Nidderkuer ëmzebauen. An der Suite vun Accusatioune war de grénge Politiker am September 2019 vu senge politesche Mandater zeréckgetrueden.

Och d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg hat an der Suite vun der Affär an op Drock vun der deemoleger CSV- an ADR-Oppositioun am Abrëll 2022 demissionéiert a war an der Regierung duerch d’Joëlle Welfring ersat ginn.

D’Defensë vun den 2 Concernéierte si frou iwwer d’Decisioun vum Parquet:

„Me François PRUM et Me Anne PRUM sont contents d’apprendre qu’après deux années d’enquête et d’instruction dans l’affaire dite du « Gaardenhaischen », le Parquet a décidé de classer sans suites pénales le dossier à l’encontre de leur mandante, Madame Carole Dieschbourg.

La justice a finalement été convaincue de l’innocence de Madame Carole Dieschbourg, qu’elle a clamée tout au long de la procédure ».

Hei dat offiziellt Schreiwes vum Parquet:

Communiqué du parquet de Luxembourg en relation avec l’affaire dite « Gaardenhaischen »
(28.06.2024)

Dans le cadre de l’affaire dite « Gaardenhaischen » le juge d’instruction vient de clôturer son instruction ouverte contre Madame Carole Dieschbourg et Monsieur Roberto Traversini du chef de prise illégale d’intérêts.

Le juge d’instruction a décidé de ne pas procéder à une inculpation à la suite d’une enquête menée par la police judiciaire comportant notamment des perquisitions au Ministère de l’environnement ainsi que l’audition de plusieurs fonctionnaires impliqués dans la procédure de traitement de la demande de Monsieur Traversini.

En raison de l’absence d’inculpation le parquet de Luxembourg a décidé de classer le dossier sans suites pénales.

Back to Top
CIM LOGO