
Et gouf kee verwonnt. Wouhinner si geflücht sinn, ass net gewosst. Eng Enquête gouf an d’Weeër geleet.
Zu Gaasperech goufen e Méindeg am Nomëtteg dräi Jugendlecher vun enger gréisserer Jugendgrupp iwwerfall. Dës hunn eng Partie Géigestänn matgoe gelooss. Déi Schëlleg konnte kuerz Zäit drop vun der Police ermëttelt ginn. Bei dräi vun hinne goufen dann och geklaute Saache fonnt, déi zeréck un hir Besëtzer gaange sinn.
Am fréien Dënschdegmoie gouf et e weideren Iwwerfall an der Rue des Etats-Unis zu Hollerech. Hei ass e Mann vu véier Persounen attackéiert a mat engem Messer menacéiert ginn. Och hie krut perséinlech Géigestänn geklaut, am Laf vun den Ermëttlunge konnten awer dräi vun den Täter ermëttelt a festgeholl ginn.