
E Sonndeg den Owend war op der A7 op der Héicht vu Luerenzweiler en Automobilist ënnerwee, deen duerch seng Fuerweis op sech opmierksam gemaach huet. Eng Patrull konnt d’Gefier vum Mann kuerz drop stoppen. De Permis war fort, well den Alkoholtest däitlech positiv ausgefall ass.
Zu Rëmerschen op der Wäistrooss war en Automobilist ganz lues ënnerwee an ass dono mat de véier Winker un um Bord vun der Strooss stoe bliwwen. Den Automobilist gouf doropshi kontrolléiert. Den Alkoholniveau war ze héich an de Permis war fort.
Bei enger Kontroll zu Suessem an der Nuecht op e Méindeg ass de Policebeamte e beschiedegten Auto opgefall, dat och ganz lues ënnerwee war. Wéi de Won gestoppt gouf an den Alkoholtest gemaach war, gouf e provisorescht Fuerverbuet ausgeschwat.