Dag vum 112An der Moyenne kommen deeglech 800 Appeller eran

Christophe Hochard
Den 11. Februar ass den europäeschen Dag vum 112. Wat ass dann en Noutruff a wéini soll ech den 112 uruffen?
Dag vum 112: "Mir wëssen ni, firwat mir ugeruff kréien"
Den 11. Februar ass den europäeschen Dag vum 112. Wat ass dann en Noutruff a wéini soll ech den 112 uruffen?

Et géif een och mierken, dass ëmmer méi Persounen uruffen, déi kee Lëtzebuergesch schwätzen, d’Operateure missten ëmmer méi Englesch schwätzen. Fir erauszefanne wat geschitt ass, gëtt e Froekatalog ofgefrot, dee bei Bränn anescht ass wéi bei vitalen Urgencen.

“Mir wëssen ni firwat mir ugeruff kréien”, dat sot de Jérôme Gloden, Responsabel vum 112.

D’Appelle sinn d’lescht Joer ëm 6 Prozent an d’Luucht ginn.

Zu Lëtzebuerg gëtt an der Moyenne 800 mol den Dag op den 112 ugeruff. Doraus géifen den Dag ronn 200 Asätz ufalen, esou de Responsabele vum 112.

Nach ëmmer géifen d’Leit och uruffe fir nozefroen, wéi ee Spidol oder wéi eng Apdikt grad Déngscht huet. Esou Informatioune kéint een och op 112.lu noliesen.

Wien hëlt den Uruff entgéint?

An der Moyenne dauert et 7 Sekonnen, bis ee beim 112 opgehuewe kritt. Ronderëm d’Auer si 7 Mataarbechter vum CGDIS am Asaz. Dobäi och ee sougenannten Officier santé, en Infirmier, dee ka bei spezifeschen Noutfäll seng Expertis spille loossen.

Bei méi groussen Asätz kéinten d’Ekippen awer och relativ séier opgestockt ginn. Beim Brand bei der Goodyear gouf zousätzlecht Personal geruff an an engem Sall de ganzen Asaz begleet. Zil wier et, esou den normalen Oflaf am Sall vum 112 net ze stéieren.

Back to Top
CIM LOGO