StatecAn der Moyenne verdéngen d'Leit zu Lëtzebuerg ronn 76.000 Euro d'Joer

RTL Lëtzebuerg
De Statec huet seng Zuele fir d'Paien zu Lëtzebuerg aus dem Joer 2022 publizéiert.

D’Moyenne vun de Salairen hei am Land läit bei 75.919 Euro brutto pro Joer. De Medianwäert vun de Salairë läit awer 30 Prozent méi niddreg, also bei 58.126. Dat bedeit, datt ronn d’Hallschent vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg schaffen, genee oder manner wéi 58.125 Euro brutto d’Joer verdéngen. Tëscht 2018 an 2022 sinn d’Salairë fir déi ganz Lëtzebuerger Ekonomie ëm ronn 3,6 Prozent pro Joer* an d’Luucht gaangen.

Salaire variéiert staarkt, jee nodeem wéi eng Ausbildung een huet oder a wéi engem Secteur ee schafft

Am meeschte verdéngen déi Leit, déi en Direkteschposten oder en héije Posten an enger Firma hunn. Hei läit den Duerchschnëtt bei 158.242 Euro d’Joer. An den elementare Beruffer steet een do éischter bei eppes iwwer 40.000 Euro.

Eng Differenz kann een och zéien, wann ee sech d’Educatioun ukuckt. Eng Persoun, déi e Master oder méi gemaach huet, verdéngt am Duerchschnëtt bal 116.000 Euro am Joer, wärend Leit, déi kee Lycéesofschloss hunn, knapp 44.000 Euro kréien.

Kuckt ee sech d’Secteuren un, esou ass d’Finanzwiese mat 113.000 Euro d’Joer wäit virum Horeca mat knapp 40.500 Euro. Déi Lëtzebuerger Residentë verdéngen dann däitlech am meeschten, mat eppes méi wéi 92.000 Euro am Joer. Leit, déi aus dem Ausland op Lëtzebuerg geplënnert sinn, hunn am Schnëtt ëmmerhin nach 78.747 Euro d’Joer a Frontaliere kommen op ronn 65.500.

An der Moyenne verdéngt een am Finanz- an Assurancësecteur am meeschten

113.018 Euro bezuelen Entreprisen am Finanz- an Assurancësecteur am Duerchschnëtt am Joer u Paien aus. Dono kënnt den Enseignement mat 111.362 Euro an d’Betriber aus der “Activitée spécialisées, scientifiques et technique” mat eppes iwwer 105.000 Euro. Um Wupp vun dëser Lëscht leien de Bausecteur (49.587), d’"Services administratifs et de soutien” (48.679) an den Horeca (40.461).

Kuckt ee sech de Medianwäert un, esou läit den Enseignement mat 108.929 Euro d’Joer vir. Dohannert kommen d’Finanzwiese mat 93.843 an den ëffentlechen Déngscht mat 92.708 Euro d’Joer. Am mannste kritt een dann am Commerce (40.519), de “Services administratifs et de soutien” (38.934) an dem Horeca (34.589).

*Mir hunn d’Prezisioun, datt et an der Moyenne eng Hausse vun 3,6 Prozent pro Joer gouf, bäigesat.

Fannt hei de kompletten Dossier vum Statec

Back to Top
CIM LOGO